
No den Demanden vu Bauerenallianz an dem President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder bei eis op der Antenn hat de Landwirtschaftsminister scho schrëftlech wësse gedoen, hien hätt sech engem Gespréich mam Secteur nach ni verschloss a géif zesumme mat all sengen Administratiounen, an am Austausch mam Secteur, den Impakt vun der Dréchent op eis landwirtschaftlech Kulturen, an d’Evolutioun vun de Marchéen suivéieren.
Direkt am September wiere Gespréicher mam Secteur virgesinn.
Um Freideg twittert de Claude Haagen “en Agrarsommet wier no der Recolte an der Drauwelies dat richtegt Instrument”. Sou kéint een am Hierscht no iwwer 30 Sitzungen mat den Acteuren aus dem Secteur zesummen de Point maachen.