28 Interventioune wéinst dem WiederLarge-Scale-Testing-Zenter zu Maacher beschiedegt

RTL Lëtzebuerg
Uechter d'Land koum et zu staarkem Reen, Knëppelsteng an zolittem Wand. Meteolux hate e Freideg de Mëtteg eng Alerte Orange erausginn.

Plazeweis goufe sech bis zu 20 Liter Reen pro Meter Carré erwaart. Deels sinn och eng Partie Beem ëmgefall an hu Stroossen blockéiert. Dat ënner anerem op der N11 tëscht Lauterbuer an Iechternach, sou wéi tëscht dem Mëllerdall an der Reilander Millen.

Wéi de Ponts et Chaussées matgedeelt hunn, bleift d'Streck bei der Reilander Millen nach bis e Méindeg zou.

28 Interventioune wéinst dem Wieder
Uechter d'Land koum et zu staarkem Reen, Knëppelsteng an zolittem Wand. Meteolux hate e Freideg de Mëtteg eng Alerte Orange erausginn.

Duerch de Stuerm gouf dann och de Large-Scale-Testing-Zenter zu Maacher op der Musel staark beschiedegt. Dat mellt de Fonds National de la Recherche. Dësen Zenter soll viraussiichtlech nach bis e Mëttwoch zou bleiwen.

Leit, déi ee Rendez-vous geholl haten, fir getest ze ginn, si gebieden net dohinner ze goen. Si kënnen entweder an ee vun den aneren Zentere goen oder e Méindeg hire Rendez-vous ëmbuchen.

PDF: Schreiwes vum Fonds National de la Recherche

Back to Top
CIM LOGO