Invité vun der Redaktioun (7. Februar)Laurent Mosar: "Mir si keng kleng Comptabelen"

Sascha Georges
En Donneschdeg war den CSV-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Laurent Mosar
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Mir ginn dohinner gestallt wéi déi kleng Comptabel an den Etienne Schneider wéi de grousse Visionär! Dat mécht ons rosen!", sou den CSV-Deputéierten Laurent Mosar en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Et goung ëm d'Faillite vun der Firma Planetary Resources. De Lëtzebuerger Staat hat sech do mat 12 Milliounen Euro bedeelegt. Dat wiere Steiergelder, déi elo fort sinn, so de Laurent Mosar.

An dat well an eng Entreprise investéiert gouf, déi deen Ament schonn Näischt méi wäert war.

Hei wier amateurhaft geschafft ginn. De Laurent Mosar ënnersträicht awer, datt d'CSV weiderhin hannert dem Space Mining steet. Et wier wichteg, datt Lëtzebuerg, an deem Kader Firmen unzitt, déi an der Fuerschung aktiv sinn.

Beim Regierungsprogramm huet de Laurent Mosar virun allem kritiséiert, dat d'Moossnamen, déi am Koalitiounsaccord stinn, net chiffréiert sinn.

Zum Beispill de gratis ëffentlechen Transport, d'gratis Maison relaisen an déi ambitiéis Steierreform, déi geplangt ass. Hei misst ee sech froen, wéi vill déi Mesure kaschten a wéi et mat den ëffentleche Finanzen steet, wann déi bis ëmgesat goufen.

A Punkto Veto-Recht wier d'CSV där nämmlechter Meenung wéi de Finanzminister Pierre Gramegna, nämlech datt een un deem Recht festhält. Datt Lëtzebuerg e Steierparadäis wier géing net stëmmen, dat géing dacks falsch duergestallt ginn. E Problem wieren do d'multinational Entreprisen, déi an enger Partie Länner Aktivitéiten hunn a vum Mechanismus vum Duebelbesteierung-Ofkommen profitéieren. Do misst dru geschafft ginn an et missten iwwer Europa eraus Léisungen um Niveau vun der OECD fonnt ginn.

En Donneschdeg war den CSV-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO