
Da geet Rieds vum "Heeschnapp", dee souguer bei eenzele Leit zu Asthma-Ufäll ka féieren.
Zanter ewell 16 Joer gëtt et e praktesche Site vum Gesondheetsministère, deen iwwert de Pollen-Fluch informéiert.
Dëst ass den "pollen.lu", wou et Informatiounen iwwer 33 Pollen- an 7 Sporen-Type ginn.
Den entspriechende Moos-Apparat, d'aerobiologesch Statioun also, ass um Daach vum CHL installéiert.
Absënns interessant ass et, de Site ze consultéieren, wann ee wëll d'aktuell Konzentratioun vun de Polle wëssen an och gewuer ginn, wéi de Vol vun de Polle wärend den nächste 7 Deeg evoluéiert.
D'CSV-Deputéiert Diane Adehm huet sech an enger parlamentarescher Fro un de Gesondheetsminister iwwert dee Site informéiert an d'Ureegung gemaach, ob de Layout net soll iwwerschafft ginn. Deem stëmmt de Minister Etienne Schneider zou a seet, datt effektiv eng nei graphesch Duerstellung an domat e bessere Layout wënschenswäert wier.
Fir déi nächst Pollen-Saison, also Ugangs d'nächst Joer, wier och eng App vum Site "pollen.lu" geplangt, sou de Santésminister a senger Äntwert.
Och wann de Site éischter rudimentaire ass, sou sinn d'Informatioune fir Allergiker awer up-to-date an nëtzlech: sou gëtt een z.B. iwwert d'Konzentratioun vu Pollen vu Beem wéi Bierk, Eech, Pëppel oder Bich informéiert, mä och iwwert déi vu Grieser, bei deenen d'Pollen-Saison besonnesch am Juni/Juli akut ass.
Wéinst dem Reen vun de leschten Deeg ass d'Pollen-Konzentratioun iwwerdeems den Ament extrem moderat, wien Allergien op Grieser oder Polle vun Eeche mécht, kéint déi nächst Deeg awer mat entspriechende Symptomer gehäit ginn.
Déi niddregst Pollen-Konzentratioun ass iwwregens moies tëscht 6 an 8 Auer, wann ee gutt drun deet, zu där Zäit och ze lëften.