
„Schonn eng Rei Jore gi méi Plaze geschaaft ewéi een Leit am Concours huet,“ esou den Patrick Remakel, President vun der Gewerkschafte SNE, am Enseignement. Ee vun de Grënn fir de schwaachen Interessi an dësem Secteur wier ënner anerem déi schlecht Abannung vu Kanner mat Léierschwieregkeeten an Verhalensopfällegkeeten. D'Léierpersonal géif sech dacks eleng gelooss fillen, vum Staat, ma dacks och vun den Elteren.
Et huet een kloer Fuerderungen e Mëttwoch vum SNE héieren. Déi aktuell Zesummenaarbecht mam néie Kompetenzen-Zenter fir Psycho-Pedagogik wier schwaach: et géif een sech ze vill op Coaching fixéieren an net op den Terrain kommen.
Dëse Genre vun Zentere missten en-direkt mat de Schoule schaffen.
Dofir d'Fuerderung vum Patrick Rémakel: „Éischtens: mir brauche méi Ressourcen an den Schoulen. Also méi an gutt ausbildent Personal an der Schoul wat direkt mat den Kanner schafft. An zweetens: Decisiounsfräiheet vun den Elteren, muss nei definéiert ginn.“

Hei schwätz een net direkt vun neiem Léierpersonal.
Orthophonisten, Psychomotoriker an anert, spezialiséiert, Personal misst erëm zur ESEB gehéieren. Dëst ass eng speziell Equipe déi an d'Schoule kënnt an mat méi problematesche Fäll schafft. Ma dës Equipe wier, dem SNE no, den Ament komplett iwwerlaascht. Ze vill Pabeier-krom an spéit Äntwerte géifen d'Léierpersonal decouragéieren iwwerhaapt nach no hëllef ze froen.
Dofir misst och intern an den Schoulen nogehollef ginn: „Schoul-intern Strukturen, mat Infirmieren, Assistants Sociaux, Educateurs Gradués musse geschaaft ginn. Fir datt des Leit direkt intervenéiere kennen, wann et an enger Klass brennt. Den normalen Unterrecht däerf net ënner esou Incidente leiden.“
Ma och en externen Encadrement wier wichteg. Et géife schonn Therapiezentere ginn, ma dës wiere och iwwerlaascht an dacks fir d'Eltere keng Alternative. Aner Schüler géifen awer dorënner leiden, seet den SNE: „An mir verletzen eis un der „Volonté Parentale“, dat ass wann d'Elteren net domadder averstane sinn, datt hiert d'Kand fir een Ament seng Plaz an der normaler Schoul verléiert. Dann ass Diskussioun eriwwer. Dann bléift d'Kand an der normaler Schoul. Dat ass net gutt fir d'Kand selwer, an dat ass awer och net gutt fir déi aner Kanner.“
Hei misste Professioneller an méi uerge Fäll mat decidéieren, oder, souguer, iwwerhuelen.
Dëst wier batter néideg wann een nees méi Leit an den Enseignement wëllt erakréien.