D’Gesondheetsministesch huet um Bord vun enger Pressekonferenz iwwert de Pilotprojet « Long-Covid », déi neisten Zuele presentéiert a vun enger “relativ positiver Situatioun” a vun enger “liichter Entspanung” geschwat. Et géinge Grënn ginn, fir “optimistesch” ze sinn: D’Situatioun an de Spideeler wier zwar net “entspaant”, mee awer “net ausser Kontroll”, sou d’Paulette Lenert. An der Covid-Taskforce no wier een a Richtung “Peak” vun der aktueller Well, respektiv et hätt een de “Peak” schonn erreecht. D’Paulette Lenert sot, et misst een awer weider virsiichteg sinn a si huet d’Leit opgeruff, sech impfen ze loossen. Déi aktuell Zuele géinge weider beleeën, datt de Vaccin viru schwéiere Verleef vum Covid schützt. Si huet sech awer och gefreet, datt bal 91% vun de Leit iwwer 60 Joer geimpft sinn a 77% hire Booster scho kruten. Brauch een dann nach eng Impfflicht fir Leit iwwer 50? “D’Impfflicht ass jo ugeduecht an enger preventiver Optik fir den Hierscht”, sou d’Paulette Lenert. Et géing een awer op jidder Fall lo d’Impfcampagne mat Iwwerzeegungsaarbecht weiderféieren.
Méi Long-Covid-Fäll éischter onwarscheinlech
Wat de Long-Covid Pilotprojet ugeet, do gouf ee gewuer, datt zanter August d’lescht Joer 443 Patienten op Demande vun hire Generalisten oder Spezialiste verzeechent goufen. Altersduerchschnëtt: 47 Joer. Réischt 26 vun hinnen hunn den Traitement vun de Laangzäit-Symptomer hannert sech.
Wéi laang en Traitement dauert, kéint een elo nach net soen. Et wier och ze fréi, fir ze soen wéi vill Leit trotz Booster ënner Long-Covid leiden. Op d’Fro, ob wéinst den héijen Infektiounszuelen och méi Long-Covid-Fäll wäerte kommen, dozou sot de Generaldirekter vum Rehazenter, den Dokter Gaston Schütz: “Mir denken awer elo, datt duerch déi manner schwéier Verleef dat vill manner gëtt”. Donieft gouf ee gewuer, datt d’CNS d’Weiderféierung vum Finanzement vum Pilotprojet Long-Covid iwwerhëlt.
