European Space AgencyLënster Lycée gewënnt "Prix d'Honneur" bei CanSat Challenge

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Schüler vun der 2ième GIG aus dem Lënster Lycée goung et op Bologna, fir an der Finall vun der CanSat Challenge géint 25 Länner unzetrieden.
Lënster Lycée gewënnt "Prix d'Honneur" bei CanSat Challenge
Fir d’Schüler vun der 2ième GIG aus dem Lënster Lycée goung et op Bologna, fir an der Finall vun der CanSat Challenge géint 25 Länner unzetrieden.

Nodeems 12 Lycéeë sech aus Lëtzebuerg fir d’CanSat Challenge qualifizéiert haten, goung et awer nëmme fir ee Lycée an Italien op Bologna op d’Finall, fir géint 25 Länner unzetrieden, an dat war de Lënster Lycée.

D’Schüler aus dem Lënster Lycée vun der 2ième GIG hu sech fir Ingenieur entscheet. Op fräiwëlleger Basis hu se un der CanSat Challenge deelgeholl, e Projet vun der ESA, also der European Space Agency. Hei geet et drëms, e klenge Satellit ze baue mat enger Elektronik u Bord, déi verschidde Wäerter miesst, wéi d’Loftfiichtegkeet an d’Temperatur.

Fir d’éischt gouf hire Mini-Satellit um Computer an engem 3D-Programm entworf an du mam 3D-Printer erausgedréckt. Jiddereen an der Ekipp hat seng Aufgab, esou war all eenzelen, fir eppes aneschters zoustänneg, wéi d’Berechnung, de Fallschierm oder d’Elektronik.

Vun den 12 Lëtzebuerger Lycéeën, déi deelgeholl hunn, war et de Lënster Lycée, deen eist Land an Italien zu Bologna elo géint déi aner 25 Länner vertrueden huet. D’Rakéit gouf 1 Kilometer héich an d’Luucht geschoss, fir dann hir Miessungen auszeféieren. De Marc Zimer, de Physiksproff vun der Klass, huet an Italien alles hautno materlieft an obwuel hir Wallisse mat hirem Satellit net ukomm war, hu se an Italien improviséiert an domadder den “Prix d’Honneur” gewonnen .

D’nächst Joer wëll de Lycée nees un der CanSat Challenge deelhuelen, bis dohinner musse se awer nach eng nei Ekipp fannen, well, fir dass all eenzelen d’Chance kritt, hei mat ze maachen, dierf all Schüler nëmmen eng Kéier mat dobäi sinn.

Klass vu Jonglënster wënnt Concours vun der ESA
2eGG am dem Lënster Lycée huet bei der CanSat Challenge, wou et drëm geet, e Mini Satellit ze bauen, den éischte Präis gemaach.

Back to Top
CIM LOGO