Fir d'Landwirtschaft ass et eng Wonner-Boun. Nee, mir sinn net an engem Mäerchen, riets geet vum Soja. D'chinesesch Boun ass a ville Liewensmëttel. Ma se kënnt virop an der Landwirtschaft als Fudder mat vill Proteinne fir d'Véi an den Asaz. An Europa gi Massen u Soja verschafft, an et ass een op Importer aus Amerika ugewisen. Dat soll sech elo änneren, well Lëtzebuerg ass fit fir de Soja-Ubau.
Ee ganzt Tennisfeld (260 Quadratmeter) op de Kapp, esou vill Soja importéiert de Grand-Duché an engem Joer. Ëmgerechent sinn dat ronn 29.000 Tonnen, virop aus Südamerika. Den Import ass nach ëmmer dat Bëllegst, ma fir d'Direktesch vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft IBLA, d'Stéphanie Zimmer, muss sech eppes änneren. Et wiere riseg Monokulturen. De Soja kéim vu wäit, d'Reebëscher géifen ofgeholzt ginn, an d'Leit géifen aus de Bëscher verdriwwe ginn.
Donieft wier den amerikanesche Soja genmanipuléiert, verschidde Molkereie géifen deen als Fudder fir Mëllechkéi refuséieren. Et kéint een de Soja als Fudder reduzéieren an da misst ee Soja am Grand-Duché ubauen. Da kéint een den Import ëm méi wéi d'Halschent erofsetzen.
De Soja kann zu Lëtzebuerg ugebaut ginn, dat huet d'IBLA mat Erfolleg getest. Et ginn awer nach Problemer beim Weiderveraarbechten. Soja muss fir d'éischt getoast ginn, soss kënnen d'Déieren en net friessen.
Et gi keng Toast-Anlagen hei am Land, just a Bayern an an der Belsch. Mä do wier d'IBLA optimistesch, si wiere scho mat méigleche Partner am Gespréich.
Um Leguminosen-Dag an der Akerbauschoul zu Ettelbréck goufen d'Lëtzebuergesch Baueren iwwer de Soja informéiert. Bis elo wiisst de Soja just op Test-Felder vun der IBLA, ënnert anerem um Bio-Haff vum Patrick François zu Hueschtert. Hien hätt schonn Erträg gehat, wann een d'Onkraut gutt an de Grëff kréich, dann hätt de Soja-Ubau sécher eng Zukunft.
Et kéim een ni ganz vum Import ewech, sou nach d'Stéphanie Zimmer. Ma wann am Guttland all zweete Bauer géif Soja ubauen, dann hätt ee scho genuch fir am Grand-Duché d'Schwäin an d'Gefligel ze fidderen.