
Dës Zuelen hunn de fréieren Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo alertéiert, deen duerfir beim aktuellen Successeur a Parteikolleg Etienne Schneider an enger parlamentarescher Fro Explikatioune freet.
Zanter 20 Joer ewell gëtt de Konsum vun Antibiotiquen vun der ECDC, dem European Centre for Disease Prevention and Control, och hei am Land kontrolléiert.
Wéi de Gesondheetsminister op Basis vu Chifferen vun der IGSS matdeelt, wier d'Verschreiwe vun Antibiotiquen bannent 2007 an 2017 ëm 18% erofgaangen - bei Kanner ass dës Baisse nach méi signifikativ.
Jee no Saison ginn natierlech méi Antibiotiquen verschriwwen, sou gëllt dat natierlech fir d'akut Period vun der Gripp am Wanter, wou et iwwert en Drëttel méi Verschreiwungen heivunner ginn.
Wëll gewosst ass, datt muss responsabel mat Antibiotiquen ëmgaange ginn, fir datt et net zu Resistenzen kënnt, ginn ëmmer nees entspriechend Campagnen lancéiert - an déi schéngen ze gräifen. Esou soten der Etüd Eurobarometer no, vill méi Leit aus, datt Si no de Campagnen och besser vun hiren Dokteren iwwert de Gebrauch vun dëse Medikamenter informéiert gi wieren.

Natierlech sinn hei och Veterinären ugeschwat, Leit, déi Déieren hunn, an d'Personal aus dem Spidolssecteur.
Fir dës Leit, also d'Spezialisten aus dem Secteur ginn dann och reegelméisseg Formatiounen offréiert - eng nächst Konferenz ass z.B. Enn September.
Den nationale Plang "Antibiotiques", deen d'Approche "one health" suivéiert, ass eréischt ee Joer en Vigueur an dauert bis 2022. Viséiert sinn nieft de Spezialisten och d'Patienten, fir datt Si net per se ewell bei de Medeziner kommen, fir do Antibiotiquen ze froen - vill Informatiounsstréim mussen also aneneen gräifen.