Fir dass et der an Zukunft méi ginn, an déi méi ëmweltfrëndlech ënnerwee sinn, gesäit sech Lëtzebuerg als Virreider beim sougenannte Green Shipping.
Dofir missten allerdéngs 90% vun de Schëffer, déi aktuell ënnert dem Roude Léif fueren, ëmrëschten. An Zukunft sollen déi méi ëmweltfrëndlech Booter nämlech vun enger Reduktioun vun der Immatrikulatiounstax vu bis zu 80% profitéieren, wa se z.B elektresch, mat Hydrogène, Ammoniak oder Seegel ugedriwwe ginn. Aktuell kascht eng Immatrikulatioun an der Moyenne 750.000 Euro d’Joer. Ausserdeem sollen déi Bedreiwer dann zousätzlech vun enger Steiererliichterung profitéieren.
Vun 2025 u gëllt fir d’Schëfffaart de selwechte Quotesystem wéi fir d’Aviatioun an den Transport, dat heescht, et sinn 100 Euro fälleg fir all Tonn CO2, déi ze vill ausgestouss gëtt. Den Ekonomiesminister Franz Fayot gesäit d’Chance, och op der Finanzplaz Virreider am Domaine Green Shipping ze ginn. D’Ëmrëschten op ëmweltfrëndlech Energië léisst sech nämlech séier maachen, kascht awer deier Suen, déi am Kader vun enger Nofro net vun de grousse Banken zur Verfügung kënne gestallt kéinte ginn. Esou huet Maersk rezent eng hallef Milliard Euro fir 14 Schëffer ausginn, Sue vun der Lëtzebuerger Finanzplaz. Investisseure kéinten an esou Entreprisen investéieren, iwwert déi sougenannte Sustainability-Linked Bonds. Dat heescht d’Entreprise ka méi fräi iwwert d’Sue verfügen, muss awer eng gewëssen Trajectoire vun nohaltege Critère respektéieren. Déi géifen dann an engem externen Audit gepréift. Wa se net agehale ginn, géife Strofzënse fälleg.
Bis 2040 erwaart ee sech bei de Lëtzebuerger Schëffer eng Reduktioun vun den Zäregase vu gutt 63%. Aktuell leien déi Emissioune bei 1,1 Milliounen Tonnen. Iwwregens: et sinn och eng 600 Privatbooter zu Lëtzebuerg ugemellt. Ma déi sinn hei net betraff.