Verglach mat aneren OECD-LännerLëtzebuerg gëtt mat am meeschte fir d'Educatioun aus

Maxime Gillen
Op de Kapp gerechent sinn dat 23.000 Euro. Fir d'Beruffsausbildung läit dee Montant nach méi héich.

Dat geet aus dem neiste Rapport vun der OECD ervir, deen elo publizéiert gouf.

D’Educatioun fir e Kand vu 6 bis 15 Joer kascht an der Moyenne vun allen OECD-Länner ronn 104.000 Euro. Lëtzebuerg läit bei deene Länner mat den héchsten Depensen, voire vu méi wéi 140.000 Euro pro Schüler.

Grond dofir wieren an der Haaptsaach déi héich Gehälter vum Léierpersonal an dass et vergläichsweis vill Enseignante pro Schüler géif ginn.

Bei de Salairë vum Léierpersonal läit Lëtzebuerg ouni Konkurrenz un der Spëtzt vun den OECD-Länner.

Déi meeschte Jonker tëscht 18 a 24 Joer, déi mat enger Ausbildung am gaange sinn, ginn et zu Lëtzebuerg an an Holland.

Eng Beruffsausbildung mécht da grad zu Lëtzebuerg e groussen Ënnerscheed am Verdéngscht aus, am Verglach zu Leit ouni Secondairesdiplom.

Lëtzebuerg läit iwwerdeems bei deene Länner mat de meeschte Redoublanten.

Dofir ze suergen, dass méiglechst vill Schüler a Schülerinnen e Secondairesdiplom kréien, ass a ville Länner eng Erausfuerderung. Grad och bei der Beruffsausbildung. Zu Lëtzebuerg kréie manner wéi d’Hallschent vun de Schüler, déi eng Léier maachen, an der regulärer Zäit och en Ofschloss. No zwee weidere Jore läit d’Erfollegsquot dann awer scho bei 70 Prozent.

Bannent der OECD huet ronn ee Véierel vun allen Unisabsolventen en Diplom an der Ekonomie oder am Droit gemaach. Zu Lëtzebuerg sinn et esouguer 40 Prozent.

An der Moyenne ginn d’OECD-Länner eppes méi wéi ee Véierel vun den Educatiounsdepense fir d’Unisformatioun aus. Zu Lëtzebuerg sinn et just 14 Prozent, well esou vill Lëtzebuerger Residenten am Ausland studéieren.

Back to Top
CIM LOGO