
Zil ass d'militäresch Ausbildung vun irakeschen Zaldoten - d'Missioun ass op 2 Joer limitéiert, d'Chamber muss fir dës nei Missioun awer nach hire Feu vert ginn.
Iwwerdeem bleiwe bis d'nächst Joer weider Lëtzebuerger Zaldoten am Mali stationéiert. Dat huet de Verdeedegungsminister Bausch an der zoustänneger Chamberkommissioun confirméiert. Dës Zaldote wieren dann och am Géigesaz zu de franséischen Zaldoten net an direkt militäresch Operatiounen am geféierleche Sahel-Biergerkrichsland verwéckelt. D'Lëtzebuerger Militären huelen un enger EU- respektiv Uno-Missioun am Mali deel.
Weider aktuell militäresch Missioune ginn et a Litauen a Libyen. Alles an allem sinn 28 Lëtzebuerger Arméi-Memberen am Ausland stationéiert, dat am Kader vun sougenannt "Missions non-combattantes".
Zwee Lëtzebuerger Polizisten huelen aktuell un ziville Missiounen deel: Dat ass de Fall zu Kiew an der Ukrain an zu Ramallah an de palestinenseschen Territoiren.