Ze vill PlastiksverpackungenLëtzebuerg plangt e Verbuet vu Mikroplastik

Carine Lemmer
Pierre Jans
Plastiksverpackungen zu Lëtzebuerg vermeiden. Dofir hu sech um Mëttwoch de Moien e puer jonk Petitionären an der Chamber agesat.
Petitioun an der Chamber
Lutte géint de Plastik soll zu Lëtzebuerg verstäerkt ginn.

Hir Petitioun hat iwwer 5'000 Ënnerschrëfte kritt a gouf ëffentlech am Parlament diskutéiert. Et bräicht een en anere System. Lëtzebuerg misst aktiv ginn. D'Gesellschaft misst reagéieren, d'Produzenten an och d'Geschäftsleit.

Ze vill Plastiksverpackungen - Rep. Carine Lemmer

Schonn do virdru war eng ähnlech Petitioun op enger anerer Plattform am Internet (change.org) vun iwwer 14.000 Leit ënnerschriwwe ginn.

Et gëtt eng Urgence, huet d'Ëmweltministesch de jonken, engagéierte Leit Recht ginn. Et misst een effektiv méi maachen. Lëtzebuerg wëll sech ambitiéis Ziler ginn, seet d'Carole Dieschbourg. Och si fuerdert Ännerungen am System. Biodegradabele Plastik wier zum Beispill keng Léisung. Et bräicht een uerdentlech Alternativen.

Bis de Summer soll d'Strategie „Zero-Waste-Luxembourg“ virleien. All d'Acteure géife gebraucht ginn, nieft dem politesche Wëllen, huet d'Ministesch am Numm vun der Regierung gemengt.

Am Summer gëtt z.B. e Pilotprojet lancéiert mat Stoffsäck fir Uebst a Geméis. D'Ecobox (wou een Iesse kann dra maachen) gëtt ausgebaut, vun ugangs 6 Restauranten ass een elo op 64. An e System vu Boxen, déi ee méi dacks ka benotzen, soll och an déi frësch Rayonen an de Supermarchéen kommen.

Petitionären hu sech nom Debat ganz zefridde gewisen. Si goufen och vun der Ministesch invitéiert, fir mat an Aarbechtsgruppen ze schaffen, fir datt ee wierklech viru kënnt.

D'Chamber war sech och eens, datt ee muss méi maachen, sot no der Sitzung d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d'Nancy Arendt. Eng grouss Kommissioun soll gemaach ginn, ënnert der Leedungvun der Ëmweltkommissioun, wou d'Ekonomie, de Mëttelstand an den Interieur mat agebonne sinn. E Rapport soll gemaach ginn an en Debat an der Chamber ugefrot. Eng Resolutioun oder Motioun wëll ee stëmme fir ze weisen, datt déi Petitioun fir manner Plastik wierklech hir Daseinsberechtegung huet.

De System misst een änneren, huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Petitionäre Recht ginn. Et wär effektiv eng Urgence do. Alternativen, déi ee proposéiert, missten déi richteg sinn. Si ass zum Beispill net fir biodegradabele Plastik. Iert een Alternativen geholl ginn, missten als éischt emol all aner Mesuren en Place sinn. Et misst als éischt emol dat evitéiert ginn, wat komplett onnéideg ass. Et dierft net de Konsument sinn, deen haaptsächlech responsibiliséiert ass, de Produzent misst hei kloer seng Verantwortung droen.

Bis de Summer soll d'Strategie „Zero-Waste-Luxembourg“ virleien.

Gratis Plastikstuten si jo schonn europawäit verbueden. Plastikstelleren, déi ee just emol benotzt, Schallimoen a Plastiksgeschir soll och verbuede ginn. Mä d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet de Petitionäre Recht ginn, datt ee misst méi maachen. An datt een och anstänneg Alternative bräicht, déi wierklech Sënn maachen.

Vu biodegradabelem Plastik beispillsweis hält d'Ministesch näischt. Do wär d'Qualitéit ganz verschidden an herno kéinte Mikroplastiken iwwreg bleiwen, déi dann nees an de Circuit kommen.

Mikroplastik ass e gutt Stéchwuert. Do wëll Lëtzebuerg selwer aktiv ginn, well et europäesch net séier genuch viru geet.

En nationaalt Reglement soll kommen, sot d'Carole Dieschbourg e Mëttwoch an der Chamber.

Schweden huet scho sou e Verbuet vu Mikroplastik. Do däerf Kosmetik mat Mikroplastik, zum Beispill Zahnpasta, Duschgel oder Peelingen, net méi verkaf ginn.

Text vun der Petitioun

Intitulé de la pétition:

Restreindre l'usage des emballages plastiques au Luxembourg

But de la pétition:

L'objet de cette pétition est d'exprimer à la chambre des Députés le besoin des citoyens(nes) et résidents(es) de voir se réduire l'utilisation à outrance des emballages plastiques à destination du grand public. Dans toutes les chaînes de la grande distribution par exemple, nombreux sont les fruits et légumes frais emballés sous plastique, que ce soit en unité, en paires ou bien prédécoupés. Par ailleurs, combien de sachets plastique, ou gants à usage unique sont utilisés par jour aux rayons boucherie, fromagerie, poissonnerie ou bien pour nos bouquets de fleurs? Il s'avère que les représentants de la grande distribution favorisent le confort du consommateur au lieu de l'environnement, ou à la "Social and Environmental Responsibility", un terme tant en vogue de nos jours.

Motivation de l'intérêt général de la pétition:

Il s'agit par le biais de cette pétition de répéter l'exercice d'une première pétition qui fut initiée par un groupe de consommateurs indépendants au Luxembourg (https://wvvw.change.org/p/appel- %C3%A0-la-r%C3%A9duction-dans-l-utilisation-d-emballages-en-plastigue-au-luxembourg) et qui a rassemblé ce jour près de 14 000 signatures. Il s’agit en effet de contribuer au meilleur être de la société en demandant au Parlement de légiférer sur l'usage abusif d'emballages plastique, car nous sommes convaincus que seules des règles imposées vont permettre de respecter plus l'environnement au quotidien. En outre, le Luxembourg se situe en tête du classement européen de déchets en plastique par habitant. Un classement qu'il s'agirait de changer pour le mieux au plus vite.

Dépôt: le 17.09.2018 à 23:50
Pétitionnaire: Philippe Paul

Back to Top
CIM LOGO