Zäregas-EmissiounenLëtzebuerg wëll mat neiem Klimaplang vun der leschter Plaz am EU-Ranking fort

Anne Wolff
Monique Kater
D'Energietransitioun soll fir d'Bierger a fir d'Betriber esou einfach wéi méiglech ginn, dat wier d'Zil vum aktualiséierten nationale Klimaplang PNEC.
Neie Klimaplang: Fräiwëllegkeet amplaz Obligatiounen
D’Energietransitioun soll fir d’Bierger a fir d’Betriber esou einfach wéi méiglech ginn, dat wier d’Zil vum aktualiséierten nationale Klimaplang PNEC.

Dee gouf wéinst der Energiekris aktualiséiert an déi nei Versioun direkt vu véier Ministere presentéiert. Mesuren, déi et scho ginn, soll den neie PNEC verschäerfen, ma konkret gëllt dat just fir d’CO2-Tax, déi all Joer soll eropgoen. Dat ëm 5 Euro d’Joer, bis op 45€ pro Tonn fir 2026.

D’Zil vum nationale Klimaplang: Bis 2030 wëll een d’Zäregas-Emissiounen ëm 55 Prozent par rapport zu 2005 reduzéieren, an en Undeel vu 35 bis 37 Prozent un erneierbaren Energien.

Aktuell läit Lëtzebuerg mat 11 Prozent op leschter Plaz vun der EU, huet awer déi héchsten Zäregasquote pro Kapp. Dat wéinst dem Tanktourismus.

D‘Ëmweltministesch Joelle Welfring erkläert, et wéilt een den Tanktourismus iwwert déi méi héich CO2-Tax lues a lues auslafe loossen. Dofir hätt ee vun engem méi radikalen Eropsetzen ofgesinn, dat de Klimabiergerrot gefuerdert hat.

Wat déi energeetesch Renovatiounen oder d’Elektromobilitéit ugeet, setzt ee weider op d’Fräiwëllegkeet vun de Bierger.

Gréisste Pollueure sinn zu Lëtzebuerg den Transport, d’Industrie an de Bau. Allerdéngs sinn déi grouss Betriber wéi Arcelor, Dupont oder Kronospan net am Klimaplang consideréiert, mä si sinn am internationalen Emissiounshandel dran, bezuelen also fir hir Emissiounen. De Klimaschutz an déi wirtschaftlech Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir grouss Betriber wier nu mol e Balance-Akt, seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Et misst ee kucken, d’Betriber an der EU ze halen a virun deloyaler Konkurrenz, zum Beispill aus China ze schützen. Do géifen et schliisslech iwwerhaapt keng Oplagen.

De Budget fir den neie Klimaplang konnt een aktuell nach net chiffréieren. Vum 17. Abrëll un hunn d’Bierger dann elo ee Mount Zäit, fir hir Proposen eranzeginn.

PNEC / Reportage Anne Wolff

Am Europaparlament zu Stroossbuerg gëtt um Dënschdeg iwwert d’Reform vum CO2-Emissiounshandel ofgestëmmt.

Fluch- a Schëffstrafic sollen elo och mat consideréiert ginn, grad ewéi d’Pollutioun duerch Gebaier. Den aktuellen Text ass bal 20 Joer al. Dernieft soll e milliardeschwéiere Klima-Sozialfong geschafe ginn, fir Konsumenten a Betriber ze ënnerstëtzen.

PDF: D'Presentatioun vum PNEC

Back to Top
CIM LOGO