Aus dem PolicebulletinFestnam no gréisserer Kontroll am Garer Quartier, Mann äussert Mordmenacen a Foyer zu Monnerech

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police ënner anerem eng gréisser Kontroll en Donneschdeg am Garer Quartier an der Stad, mat Fokus op Drogen- an Immigratiounsgesetzer.
Beamte vun der Police bei enger Kontroll am Garer Quartier
© Police Lëtzebuerg

Eng Festnam ass gelongen, nodeems d’Beamten en Drogendeal tëschent enger Rei Persounen observéiere konnten. Bei dräi presuméierte Keefer konnten Droge fonnt a beschlagnaamt ginn an et gouf Protokoll erstallt. De presuméierten Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl, bei him goufen ënner anerem Pefferspray, Boergeld an en Handy fonnt a séchergestallt. E Freideg am Laf vum Nomëtteg kënnt hie virun den Untersuchungsriichter.

Am Kader vu weidere Kontrolle goufen iwwerdeems véier Persoune fonnt, déi sech illegal am Land ophalen.

E weideren Asaz fir d’Police gouf et en Donneschdeg de Moie géint 10 Auer an engem Foyer zu Monnerech. E Mann huet hei e Member vum Personal menacéiert an ass dësem géigeniwwer och handgräiflech ginn. Hie konnt kuerz duerno vun enger Patrull nach op der Plaz ugetraff ginn, huet sech de Beamte géigeniwwer allerdéngs onkooperativ verhalen. Hie gouf op de Policebüro bruecht, wou hie weider Mordmenacen ausgeschwat huet an ass doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO