10 Joer "Let's Make It Happen"Lëtzebuerg wëll seng Mark weider stäerken

Chris Meisch
10 Joer no der bekannter Nation-Branding-Initiativ zitt d'Regierung e positive Bilan: D'Perceptioun vu Lëtzebuerg am Ausland hätt sech verbessert, wärend eng nei Strategie bis 2030 d'Promotioun vum Land weider stäerke soll.
D'Basis vum Nation Branding war et, Lëtzebuerg als eppes anescht ze weise wéi nëmmen eng Finanzplaz, sou de Lex Delles.
© Chris Meisch

Lëtzebuerg wëll seng Mark weider stäerken / Rep. Chris Meisch

"Den Image vu Lëtzebuerg huet sech international positiv weiderentwéckelt", sou d'Beryl Koltz, Responsabel vun der Strategie vum nationalen Nation Branding. Zanter 10 Joer wëll d'Lëtzebuerger Regierung mat der Initiativ "LuXembourg – Let's Make It Happen" den Image de marque vu Lëtzebuerg op internationalem Niveau hiewen.

E Méindeg gouf de Bilan vun de leschte Jore presentéiert an och déi nei Strategie fir déi nächst véier Joer virgestallt.

Lëtzebuerg esou presentéieren, wéi et wierklech ass

Virun zéng Joer gouf d'Initiativ "LuXembourg – Let's Make It Happen" lancéiert, dat mam Zil, d'Promotioun vum Land ënnert enger eenzeger Mark zesummen ze bréngen.

Haut zielt de Promotiounsreseau méi wéi 40 Partner aus ëffentlechen Institutiounen, Entreprisen an Organisatiounen.

No enger Rei Consultatiounen an enger externer Evaluatioun zitt d'Initiativ elo ee positive Bilan. D'Resultater géife weisen, datt sech d'Perceptioun vu Lëtzebuerg international verbessert huet, esou d'Beryl Koltz, Responsabel vun der Strategie vum Nation Branding:

Déi zweet Erkenntnis ass, dass mir eng staark Mark opgebaut hunn, dat heescht, d'Leit identifizéiere sech méi a méi mat der Mark 'Luxembourg' an de Wäerter, déi déi Mark verkierpert. Déi drëtt Erkenntnis ass, dass d'Communautéit vun den Acteuren, déi déi Mark droen, wierklech gewuess ass. Si huet sech professionaliséiert, se huet sech alignéiert. Mir hunn Haut 200% méi Acteuren, déi sech an d'Markenarchitektur aschreiwen, wéi 2021 beim Lancement vum leschte Plan d’Action.

D'Basis vum Nation Branding war et, Lëtzebuerg als eppes anescht ze weise wéi nëmmen eng Finanzplaz. D'Zil war et, Lëtzebuerg no baussen esou ze presentéieren, wéi et wierklech ass, sou erkläert et de Wirtschaftsminister Lex Delles:

Et si Leit, et si flott Plazen, et ass eng Stad, et ass ee Land, Produiten, Handwierker. Also wierklech, Lëtzebuerg esou ze positionéieren, als dat wat et ass. No deene verschiddene Recherchen an Etuden, déi gemaach gi sinn, ass Lëtzebuerg elo ganz anescht bekannt. De 'LuXembourg – Let's Make It Happen' ass als Mark bei de Leit ukomm. Mee d'Cellule Nation Branding ass wäit méi wéi just ee Slogan oder ee Logo. Et ass eebe wierklech d'Image de Marque, fir Lëtzebuerg no baussen ze weisen als dat, wat et wierklech ass, an zwar ee Land, wat ganz vill verschidde Facetten huet, wat ganz divers ass.

Nieft dem Bilan gouf och den neien Aktiounsplang bis 2030 presentéiert. Dee soll op den Erfarunge vun de leschte Joren opbauen an d'Bild vu Lëtzebuerg weider am Ausland promouvéieren.

Fir d'Ëmsetzung si ronn dräi Milliounen Euro virgesinn. De Fokus läit dobäi ënner anerem dorop, Talenter unzezéien an d'Liewensqualitéit am Land an d'Vitrinn ze stellen, esou nach d'Beryl Koltz:

Dann hu mir och nach eng Rëtsch vu Mesuren a Projeten, déi mir an d'Liewe geruff hunn, déi wierklech do sinn, fir eng nohalteg Wierkung ze hunn. Dat ass engersäits, dass mir een neit LuXembourg House opmaachen Ënn dëst Joer um Konrodseck an der Stad. An Zweetens, dass mir och um Flughafen eis Presenz multiplizéieren, well wierklech de Flughafen eng ganz wichteg Visittekaart ass.

Fir den 10. Anniversaire gouf och nach d'Campagne 2LuXembourg. 10 Years. 10 Letters" lancéiert. Queesch uechter d'Land sinn déi eenzel Buschtawen aus dem Wuert "Luxembourg" verdeelt, woubäi all Buschtaf fir eng spezifesch Stäerkt oder Eegenschaft vum Land steet.

Bis den 22. September kann een am ganze Land op d'Sich no den 10 grousse Buschtawe goen an iwwer QR-Coden d'Land op eng interaktiv Aart a Weis entdecken a Präisser wannen.

Een éischten Indice, wou sech déi Buschtawe verstoppe gëtt et schonn: Ee vun hinnen ass an der Géigend vum Palais an der Chamber ze fannen.

Dëse Reportage ass och komplett am Podcast "Nogelauschtert" ze héieren.

Back to Top
CIM LOGO