Generol Steve ThullLëtzebuerger Arméi kritt eng éischte Kéier eege Panzer

Jeannot Ries
Méi Zaldoten an Zaldotinnen, nach eng Kéier ganz anert Material, an och eng nei Kär-Missioun am Kader vun der NATO. D'Lëtzebuerger Arméi ass am Wandel.
An 10 Joer wäert d'Lëtzebuerger Arméi eng ganz aner sinn
Méi Zaldoten an Zaldotinnen, nach eng Kéier ganz anert Material, an och eng nei Kär-Missioun am Kader vun der NATO. D’Lëtzebuerger Arméi ass am Wandel.

“An zéng Joer si mer och kapabel, net méi just um Niveau vun enger Compagnie ze manövréieren, mee um Niveau vun engem Batailloun”, sou de Steve Thull am RTL Interview. De Generol schwätzt vun der Montée en puissance.

“An der Zukunft ass et d’Réconnaissance de combat de type médian. Dofir gi Gefierer gebraucht, déi nach eng Kéier eng Nummer iwwert deene sinn, wou mer haut hunn. Haut si mer an engem Beräich vun zwielef Tonnen. An der Zukunft komme Gefierer bis zu 25 Tonnen an den Asaz. Op deene wäert och e ganz anert Armement sinn. D’Kanoun, déi haut Kaliber 12.7 ass, wäert an d’Luucht goen op 40 Millimeter. An dat si Gefierer, wou een och kann an engem Combat engagéieren.”

An der Direktioun vun der Defense an am Härebierg gëtt d’Zukunft op Héichtoure geplangt. D’Gefierer, vun deenen de Generol schwätzt, si reegelrecht Panzer op Rieder aus franséischer Produktioun vum Typ Jaguar a Griffon, déi zesumme mat der Belsch wäerte kaf ginn. Nieft deenen 80 Gefierer vum Typ EAGEL 5, déi schonn Enn vum Joer geliwwert ginn.

“Mir ginn e fundamentale Pilier vun deem, wat an Zukunft vun der Defense européenne gebraucht gëtt.”

Déi schwéier Gefierer vum Typ Jaguar a Griffon wäerten am Kader vum neie Belsch-Lëtzebuerger Batailloun an den Asaz kommen. E Batailloun, dat ass hautdesdaags de Pion fondamental, an de Brigaden an et sinn haut d’Brigaden, déi gebraucht ginn, fir wierklech e grousse Krich kënnen ofzewieren. Sou erkläert de Generol, wéi wichteg dee Batailloun mat 700 Zaldote wäert ginn. Lëtzebuerg wäert 350 Männer a Fra stellen, déi bis 2030 an Etappen definitiv zu Arel stationéiert wäerte sinn.

Den éischten Deel vum Interview, an deem de Generol Steve Thull méi genee iwwert d’Gefor geschwat huet, déi fir Europa vu Russland ausgeet, fannt Dir hei.

“Direkt an der Géigend dovun, op Lëtzebuerger Territoire, wäerte mer e Logistik-Hub hunn, fir déi grouss Maintenance vun deene Gefierer ze maachen. An et wäert och vun do, wou déi Gefierer iwwert d’Bunn direkt op déi Plaze kommen, wou se kënnen agesat ginn. Fir Trainingszwecker, respektiv an de reellen Asaz geschéckt ze ginn. Also Deployementer Richtung Osten, oder egal an der Welt, wou et konkreet gebraucht ginn.”

Eleng fir déi Batailloun musse weider 125 Zaldoten an Zaldotinne rekrutéiert ginn. Dat neit Gesetz, mat deem d’Engagement vun dräi op véier Joer verlängert gëtt, soll hei dem État major entgéintkommen.

“Wa mer mat deem selwechte Rekrutementstaux wéi bis elo weider schaffen, da kënne mer do eng Montée en puissance generéieren. Dat ass de Punkt eent, fir no vir ze kommen an der Personalausstattung. An deen zweete Punkt ass deen, datt am Gesetz och virgesinn ass, datt mer nei Karriäre kënne rekrutéieren. Mir kënnen an Zukunft och Karriäre vun A2, dat ass de Bachelor, rekrutéieren. An mir hunn och elo d’Méiglechkeet, B1 ze rekrutéieren. Also Leit mat engem Premièresofschloss.”

Méi Leit fir d’Arméi uschwätzen a méi Leit begeeschteren - en Challenge.

De Steve Tull ënnersträicht, d’Lëtzebuerger Arméi géif ëmmer méi attraktiv. Mat Bléck op nei Missiounen, wéi d’Cyberdefense oder den Asaz vum eegenen Äerdobservatiounssatellit. D’Arméi vu muer, dat wier keen nice to have, ma si géif derzou déngen, de Weltfridden ze erhalen. Eng méi nobel Plaz géif et net, fir sech fir de Fridden z’engagéieren, sou de Generol.

Back to Top
CIM LOGO