
Betraff ass ënner anerem de Südweste vum Land. De Pit Everling huet mat engem Lëtzebuerger geschwat, dee säi Logement aus Sécherheetsgrënn verlooss huet.
De Joe Koener ass aktuell fir e puer Méint mat senger Famill a Portugal. De Bedreiwer vun engem Online-Business huet en Haus gelount op der Grenz tëscht der Algarve an Alentejo no bei der Atlantikküst.
Zënter e Samschdeg ass alles anescht. Am Ufank war et e klengt Feier. Bannent 48 Stonnen ass dat zu engem risege Brand gi mat iwwer 500 Pompjeeë sur place, sou de Joe Koener.
D’Flamen an den Damp wiere vum Haus aus net ze iwwersinn, sou de Joe Koener.
Flame vun 30 Meter a méi, déi gesäit een, wa se just 5 Kilometer fort sinn. Et gesäit bal sou aus, wéi wann et bei engem hannen am Gaart géing brennen.
Well d’Feier also wierklech net wäit ewech ass, huet d’Famill d’Decisioun geholl, d’Saachen ze paken.
D’Flame waren esou no, dass een de Risk net ageet. Et spillt ee souzesoe mam Feier. Et ass onberechenbar bei deene Gréissten. Et ass alles dréchen do ënnen. Et huet bannent de leschte 6 Méint net eng Kéier richteg gereent.
Et koum ee bei Frënn ënner. Den Ament ass de Joe Koener fir zwee Deeg berufflech zu Lëtzebuerg. Seng Famill ass dohannen. Bis elo steet d’Haus nach.
Vill Kolleegen hunn hir Haiser verluer, Terrainen a Gäert si verbrannt. Do wou mir den Ament stationéiert sinn, dat steet nach.
Fir d’portugisesch Secouristen huet de Joe Koener vill Luef iwwereg. Et wieren direkt Géigemesuren op de Wee bruecht ginn an alles wier gutt koordinéiert. D’Organisatioun wier vill besser wéi zum Beispill bei engem Bëschbrand zejoert a Frankräich, wou d’Famill vum Joe Koener d’urgence hat missten evakuéiert ginn.