
Pro Joer falen zu Lëtzebuerg ronn 24.000 Tonne Klärschlamm un. Déi Zuel wäert an deene nächste Joren op bis zu 55.000 Tonnen an d’Luucht goen. Dee ganz groussen Deel dovu gëtt an d’Ausland exportéiert, fir do verbrannt ze ginn. Am Grand-Duché gëtt et den Ament nach keng ëffentlech Verbrennungsanlagen. Dat soll sech zwar änneren, dierft awer nach eng gutt Zäit daueren. De Responsabele vum interkommunalen Ofwaassersyndikat SIDEN no wäert déi éischt Lëtzebuerger Anlag reng fir Klärschlamm fréistens an zéng Joer de Betrib ophuelen. Beim SIDEN schaffen aktuell knapp 150 Leit a 35 Gemenge si Member, domat ass et dee flächeméisseg gréissten Ofwaassersyndikat vum Grand-Duché.
Well ëmmer méi problematesch Stoffer aus dem Ofwaasser gefiltert ginn, kann de Klärschlamm quasi net méi als Dünger oder Kompost benotzt ginn. Déi nächst zéng Joer wäert een de Klärschlamm also weider exportéiere mussen, dat an d’Belsch, mee virun allem an Däitschland. Wéi wäit d’Anlage fort a wéi héich d’Käschte sinn, hänkt dem SIDEN-Direkter Roland Schaack no dervun of, wéi d’Qualitéit vum Material ass.
“Mir hunn der hei vir relativ no, Trier-Land, am Bitburger Eck, do hu mer der. Et hänkt awer vun der Qualitéit vum Schlamm of. Wann de Schlamm onproblematesch ass, kënne mer no fueren. Ass en awer problematesch, do sinn heiansdo chemesch Substanzen dran duerch Industrien, da fuere mer awer tatsächlech bis op Hannover, dat ass da schonn extrem wäit. Do schwätze mer dann och net méi vun deene Präisser vun 160 Euro pro Tonn, mee do geet et erop op 200 bis 250 Euro.”

Zwar besteet och d’Méiglechkeet, de Klärschlamm a privaten Anlagen zu Lëtzebuerg ze verbrennen, mee déi sinn net an éischter Linn op Klärschlamm ausgeluecht. Wann och nach aner Substanze verbrannt ginn, géing et dat méi schwéier maachen, Stoffer wéi beispillsweis Phosphor ze recuperéieren. Doriwwer eraus wier d’Demande vun de privaten Anlagen hei am Land net stabel genuch. Heiansdo kéim et esouguer vir, datt Camione mat Klärschlamm rëm Demi-tour maache misste, well kuerzfristeg awer keng Kapazitéite fräi wieren. Ëffentlech Anlagen zu Lëtzebuerg wieren och wichteg, well net garantéiert ass, datt déi auslännesch de Lëtzebuerger Klärschlamm éiweg unhuelen, sou de SIDEN-President Aly Kaes.
“Wann eis dat géif geschéie mat Däitschland oder der Belsch wéi mat Frankräich, hu mer ee Problem. D’Stad Lëtzebuerg a verschidde Bedreiwer aus dem Süden hunn hire Klärschlamm a Frankräich geliwwert, bis d’Grenz zougemaach gouf. Et kann ee kee Klärschlamm méi a Frankräich liwweren. Wann eis dat mat Däitschland oder mat der Belsch geschitt, da bleiwe mir op eisem Klärschlamm sëtzen.”
Anlag soll op de Fridhaff kommen
Zu Lëtzebuerg sinn dräi bis véier Anlage geplangt, dat op deene Plazen, wou am meeschte Klärschlamm ufält. De SIDEN kéint sech zwee méiglech Sitte virstellen, entweder um Fridhaff oder op der Bleesbréck. Et favoriséiert een de Fridhaff, well dësen un enger wichteger Verkéiersoder an net direkt bei engem Wunngebitt läit. Aktuell ass de Site un d’Firma Soil-Concept verpacht, mee dëst Joer lafe verschidde Geneemegungen aus, déi wuel net verlängert ginn. Well de Loyer schonn zanter enger Zäit net méi bezuelt soll gi sinn, huet de SIDEN zudeem juristesch Schrëtt géint d’Firma ageleet.
Och wann ee sech beim SIDEN, esouwuel mat Bléck op d’Onofhängegkeet wéi och op d’Nohaltegkeet fir ëffentlech Verbrennungsanlage fir Klärschlamm zu Lëtzebuerg ausschwätzt, gëtt de Roland Schaack awer ze bedenken, datt dat mat Käschte verbonne wäert sinn. Dat esouwuel beim Bau wéi och spéider beim Ënnerhalt.
Angscht viru Blackout
Onofhängeg vun der Entsuergung vum Klärschlamm wier een am Beräich vum Ofwaasser-Traitement ëmmer rëm mat neien Technologië konfrontéiert. Am Moment géingen engem virun allem déi héich Energiepräisser Kappzerbrieches bereeden. Dem Roland Schaack no gouf de Joresbudget vum SIDEN vun 1,5 op 6 Milliounen Euro eropgesat. Net nëmmen awer och dowéinst wéilt een an Zukunft verstäerkt op alternativ Energië wéi Photovoltaik, Wandkraaft oder Blockheizkraaftwierker setzen. Duerch den Ukrain-Krich géing ee sech zudeem Suergen iwwert ee Blackout maachen. Wann e puer Deeg kee Stroum do wier, wier dat e reelle Problem fir d’Hygiène vum Land. Positiv Konsequenzen hätt iwwerdeems d’Corona-Pandemie gehat, well doduerch de Stellewäert vun Ofwaasser geklomme wier an elo méi medezinesch Analyse gemaach kéinte ginn.
Den Aly Kaes ënnersträicht dann nach, datt et eng grouss Ongläichheet tëscht dem ländlechen an dem urbane Raum géing ginn. Grad am Norde vum Land géife wéinst der Topographie dacks Pompele gebraucht an et misste länger Strecken iwwerbréckt ginn, fir vill manner Leit ofzedecken. Dat géing zu héije Käschte féieren, déi kleng Landgemenge bal net méi stemme kéinten. Dowéinst misst een a Richtung vun engem eenheetleche Waasserpräis goen. Dëse géif zwar scho laang vun him gefuerdert, ma am ländleche Raum géingen, passend zum Superwaljoer, ebe manner Wieler wunnen.