
De Mouvement Ecologique begréisst, datt d’Lëtzebuerger Parteie fir eng grondsätzlech Reform vun der EU antrieden. D’Ëmweltorganisatioun hat den zéng Parteien, déi fir d’Europawahlen untrieden, Questionnaire geschéckt, mat JO/NEE-Froen zum europäesche Wirtschaftsmodell, dem Klima- an Aarteschutz, der Ëmwelt- a Mobilitéitspolitik an der Demokratie.
Eleng Volt huet net geäntwert an d’CSV huet de Froebou net ausgefëllt, well si der Meenung war, datt d’Froen net mat Jo oder Nee ze beäntwere wieren. De Mouvement écologique stellt fest, datt d’Parteie méi wäit wëlle goen, wéi déi aktuell Lëtzebuerger Regierung. Verschidde Mesuren, fir déi och d’Regierungsparteie sech géifen ausschwätzen, wären elo schonn zu Lëtzebuerg ëmsetzbar, seet d’Presidentin Blanche Weber.
“Deen Discours iwwert d'Wuesstemsfro zum Beispill, ass jo nach ëmmer net reell ausgedroen. Dat selwecht gëlt fir Nohaltegkeetscheck. Dee steet elo schonn an zwee Regierungsaccorden dran. Wa si all der Meenung sinn, wat mir begréissen, d'EU bréicht een, majo, chaka, Lëtzebuerg och.”
De Mouvement begréisst, datt alleguer d’Parteien d’Zouloossungsprozedur fir nei Pestizide reforméiere wëllen an datt déi meescht Parteien dofir sinn, datt d’EU Moyene mobiliséiert fir dem Insektestierwen entgéintzewierken.
Interessant wier, datt ëmmer méi Parteie beim Klimaschutz an d’Richtung vun enger sougenannter “Präiswourecht” wëlle goen, seet de Mouveco-Mataarbechter Christophe Murroccu.
“Dat gesäit een engersäits um relativ grousse Konsens bei der Fro zu der CO2-Steier, wou der wierklech vill dofir sinn, awer och bei der Kerosinsteier, wou et der manner sinn, mee wou awer eng Majoritéit vun de grousse Parteien nach dofir ass. Woubäi een do muss soen, datt et Nuance ginn. Notamment, déi Lénk, déi zum Beispill soen, fléie soll net zum Luxus ginn. Et soll net just dann erëm op de Portmonnie vun de klenge Menage goen.”
D’Ëmweltorganisatioun fuerdert, datt d’Regierung viru Conseilsvotten e Mandat vun der Chamber muss kréien, fir d’Entscheedungsprozesser an der EU méi transparent an demokratesch ze maachen. Blanche Weber: “Dir gesitt, et gi schonn eng Rei Parteien déi et droen, mee d'LSAP fënnt just den Austausch sënnvoll. Meinung einholen, awer net formell Zoustëmmung. déi gréng kennen et och an där Form net droen, mee et muss een hinnen do zegutt halen, dass si eis soen "bon wat ass eng wichteg Entscheedung " - dat hu mir effektiv net klarifizéiert a si maachen aner Proposen. An d'DP ass franchement géint esou e Mandat.”
Vue datt d’Meenunge bei dësem Thema ausernee ginn, fuerdert de Mouvement Ecologique eng breet Debatt doriwwer, wéi EU-Froen an Zukunft sollen zu Lëtzebuerg diskutéiert ginn.