
No enger Kontrovers bannent dem Nationale Comité fir d'Memoire vum Zweete Weltkrich (CM2GM) gouf et lo e Revirement, wéi un den Asaz vun dëse Leit soll erënnert ginn.
Wéi de Staatsminister Xavier Bettel matdeelt, hätt de Comité seng Meenung geännert an wier lo awer d'accord, datt zu Éieren vun de Fräiwëllegen eng Plackette beim Monument vun der Gëlle Fra installéiert gëtt - dat nieft dem Monument "No Pasaran" dat et ewell zu Diddeleng gëtt.
Et waren dann och déi 2 Diddelenger LSAP-Deputéiert Mars Di Bartolomeo an Dan Biancalana, déi dës Fro ëmmer nees opgeworf haten - a lo Satisfaktioun kruten.
Oneens ware sech déi 3 Gruppen bannent dem Nationale Comité fir d'Memoire vum Zweete Weltkrich, well sech eenzeg an eleng d'Vertrieder vun den Zwangsrekrutéierte géint eng Plackette ausgeschwat hat - sou datt et keen unanimmen Avis gouf.
Doropshin huet de Staatsminister de Comité nach eemol mat der Fro saiséiert, sou datt et lo zum Revirement koum an d'102 Volontairen aus dem Spueniekrich offiziell fir hiren Asaz geéiert ginn.
Dee leschte Lëtzebuerger Volontaire aus dem spuenesche Biergerkrich, den Albert Santer vun Uewerkäerjeng, ass 2007 am Alter vun 90 Joer verscheet.
Eréischt 2003 gouf e Gesetz vun 1937, datt d'Participatioun um Spueniekrich verbueden huet, offiziell annuléiert, sou datt d'Volontaire spéit Unerkennung krut hunn.
De Comité fir d'Erënnerung un den 2. Weltkrich hat sech an engem Avis un de Staatsministère dogéint ausgeschwat, dat wier net de Sënn vum Monument.
Den Historiker Serge Hoffmann:
"Et ass also e Monument, dat u sech geduecht war fir den Affer vum 1. a vum 2. Weltkrich ze gedenken. Domat hu mir och guer kee Problem als Spueniekämpfer, well bei eis ass d'Resistenz scho virum 2. Weltkrich ugaangen. Wat eis e bëssen, a mech besonnesch, stutzeg gemaach huet, dat ass, datt mer festgestallt hunn, datt op der rietser Säit vun der gëlle Fra 2 Placke vun de Korea-Kämpfer aposéiert sinn."
Doduerch hätt d'Monument eng nei Bedeitung kritt, fënnt den Historiker.
"Virdru war et u sech e patriotescht Monument fir den Affer vum 1. an 2. Weltkrich ze gedenken. Duerch de Fait, datt d'Korea-Kämpfer op deem Monument sinn, ass et u sech elo e Monument ginn en faveur vun der Demokratie, vun eise Fräiheeten."
An do hätten d'Spueniekämpfer dann och eng Plaz verdéngt. De Serge Hoffmann stéiert sech un der Argumentatioun géint eng Gedenktafel.
"Si schreiwen nämlech, dee Comité, a si hunn sech do beruff op Wikipedia, wou ech scho meng Zweiwel hunn, well ech net fannen dass Wikipedia eng seriö historesch Quell ka sinn, ech zitéieren: "Il semble cependant, que l'anti-faschisme net fut pas l'unique motivation. Nombre de brigadistes net souhataient pas défondre la démocratie bourgoise, mais la révolution prolétarienne et la mise en place d'un Etat ouvrier.""
De Spueniekämpfer géif reprochéiert ginn, datt Kommunisten, Anarchisten oder Sozialisten ënnert hinne waren, ma si hätten déi deemoleg demokratesch gewielten, republikanesch Regierung ënnerstëtzt a fir demokratesch Wäerter gekämpft
D’Diskussioun ëm d’Erënnerung un d’Spueniekämpfer ass iwwerdeems net nei…
1998 schreift zum Beispill de Romain Hilgert am Lëtzebuerger Land a senger Kritik vum Henri Wehenkel sengem Buch „D’Spueniekämpfer“: „Das Denkmal der Gëlle Fra sollte zuerst an die Freiwilligen des Ersten Weltkriegs erinnern und damit die verlorene Ehre des offiziellen Luxemburgs wieder herstellen. Im Laufe der Zeit wurden weitere Gedenktafeln zugunsten der Freiwlligen des Zweiten Weltkriegs und später des Koreakriegs angebracht. Nur für die rund 100 Freiwilligen, welche zwischen Oktober 1936 und Frühjahr 1938 ausgezogen waren, die spanische Republik vor dem Faschismus zu retten, war kein Plaz.“
RTL NEWS: Plaquette suergt fir Opreegung - Éierung vu Brigades Internationales bei der Gëlle Fra: Jo oder Nee?
PDF Parlamentaresch Fro