Déi aktuell Spannungen tëscht Russland an der Ukrain suerge weider fir grouss Nervositéit. Iwwerdeems d’Diplomatie op Héichtoure leeft, fir e Krich an Europa ze verhënneren, wëll d’Nato awer och weisen, datt se prett ass, fir sech ze verdeedegen, wann dat misst sinn. Virop am Oste vun Europa gëtt militäresch opgerëscht, wat en Donneschdeg de Moien och Theema an der zoustänneger Chamberkommissioun war.
En Donneschdeg de Moien huet déi zoustänneg Chamberkommissioun prinzipiell gréng Luucht ginn. Bis den 1. August soll d’Missioun stoen. 40 Lëtzebuerger Zaldoten, fir an e Corps vun 11.000 Männer a Fraen, déi am Kader vun der séierer Agrëffstrupp vun der Nato an den Asaz komme kéinten.
“Dat ass eis Dronen-Ekipp, fir Surveillance um Terrain ze maachen,” sou de Verdeedegungsminister François Bausch”. Dat ass am Fong näischt aneschtes, datt déi elo och international Exercicer musse matmaachen. An dat ab dem August. Déi Trupp ass prett, fir am Fall, wou se gebraucht géing ginn, fir och kënnen agesat ze ginn.”
Den Ament lafe schonn Exercicer op nationalem Niveau. Am Fréijoer gëtt dat Lëtzebuerger Puzzelstéck da multinational integréiert. D’Lëtzebuerger Zaldote wäerten ënner däitsche Kommando kommen.
“Et si 40 Mann, déi souwuel Droen operéieren, déi d’Protektioun maache vun den Droen, wéi och Elementer am medezinesche Beräich, déi dobäi sinn. Mir hunn och Elementer am Etat-major, Offizéier, Ënner-Offizéier. A mir hunn natierlech alles dat, wat zum Beispill Maintenance ass, Ravitaillement, dat gehéiert och dozou. An natierlech d’Transmissioun,” sot de Lieutenant-Colonel Guillaume Schlechter.
Vu Januar 2023 u muss d’Brigade da bannent 2 bis 7 Deeg prett fir en Asaz sinn. Dofir gouf speziell elo och de politeschen Decisiounsprozess iwwerschafft. De François Bausch erkläert: “Wann et eng Missioun wär, loosse mer soen eng Grenz ofzesécheren, da fuere mer nach eng Kéier de Wee vun der Chamberkommissioun, dem Staatsrot a Reglement Grand-Ducal. Wann et awer wär, datt et méi wäit géing goen, eng ‘Peace-enforcement-Missioun’ zum Beispill, dann hu mer am Gesätz virgesinn, da muss d’Chamberplenière zesummegeruff ginn. An zwar bannent 3 Deeg. An da muss d’Plenière och de Feu vert ginn.”
De Minister François Bausch schwätzt vun engem solidaresche Bäitrag. Déi Lénk an d’ADR sinn awer vu vir eraus géint eng Lëtzebuerger Bedeelegung un dëser Schnell-Asaz-Trupp.
“De Minister huet d’Lëtzebuerger Participatioun virgezunn. An d’Argument ass: wéinst der Ukrain-Kris. Eis Positioun ass, datt mer do sollten eng diplomatesch Léisung sichen. Datt mer elo keng militäresch Gestikulatiounen do elo sollte maachen. A mir hunn eis driwwer gewonnert, datt eng traditionell pazifistesch Partei wéi déi Gréng et emol eng Kéier waren, elo awer esou séier derbäi sinn, wann et heescht, fir Truppe fir d’Ukrain prett ze maachen”, sou d’Reaktioun vum Fernand Kartheiser vun der ADR.
D’ADR freet, datt generell de Belaaschtungsgrad vun der Lëtzebuerger Arméi evaluéiert gëtt. Fir de fréieren CSV-Arméisminister Jean-Marie Halsdorf ännert hei u sech näischt grondsätzlech. D’Lëtzebuerger Arméi géif weider dat maachen, wat se gutt kann: Reconnaissance-Missiounen: “Mir sinn an enger Logik, wou mer säit Joren a Joren dran sinn. Dat eenzegt, wat elo ännert, a wat eng aner Nues kritt, ass, well mer e Konflikt hei virun der Dier hunn, an der Ukrain. Well et jo sou ass, datt mat deem Instrument, wat mer do dann hunn, oder wat d’Nato huet, dat kann agesat ginn, ‘bei Bedarf’. An do muss ee kucken.”
De Fait, datt hei zu Lëtzebuerg elo d’Chamber mat agebonne muss ginn, wier schonn dat richtegt demokratescht Signal.