Véier EU-Traitéë sinn iwwersatLëtzebuergesch kann op EU-Niveau elo méi valoriséiert ginn

Marc Hoscheid
D'Regierung huet ee weidere Schratt gemaach, fir Lëtzebuergesch um EU-Niveau méi ze valoriséieren.
© Photo by DOMINIQUE FAGET / AFP

Eng vun de Viraussetzungen dofir ass nämlech, datt déi véier Traitéë vun der Europäescher Unioun an déi jeeweileg Sprooch iwwersat sinn. Et geet dobäi ganz genee ëm d’Charte vun de Grondrechter, den Euratom-Vertrag, den Traité iwwert de Fonctionnement vun der EU an den Traité iwwert d’EU am Allgemengen.

De Kulturminister Eric Thill huet en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber annoncéiert, datt déi Aarbechten elo ofgeschloss sinn. Hien huet awer och ënnerstrach, datt d’Regierung net ufroe wäert, datt Lëtzebuergesch eng offiziell EU-Sprooch soll ginn. Dat heescht, datt keng Texter an d’Lëtzebuergesch iwwersat wäerte ginn an et wäert och keng Simultaniwwersetzung vu Riede ginn.

Back to Top
CIM LOGO