
Dat äntwert hien op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Francine Closener a Carlo Weber.
Domat kéint iwwer d’Hallschent vun der Hängebréck tëscht Bauschelt a Buerfelt staatlech, also vun der Generaldirektioun fir Tourismus, finanzéiert ginn. De Regierungsrot kann dat decidéieren. Ma den zoustännege Minister ass schonn iwwerzeegt, dass déi Bréck eng grouss touristesch Plus-Value hätt an dat “net nëmme fir d’Stauséigebitt, mä och fir d’Regioun an d’ganzt Land”.
D’Gemeng Bauschelt, déi de Projet am Naturpark Uewersauer initiéiert huet, kann eng Demande fir e Subside eraginn, soubal den nächste Fënnefjoresplang fir den Tourismus an der Chamber gestëmmt ass.
An engem rezente Reportage hat de Bauschelter Buergermeeschter Jeff Gangler RTL géintiwwer gesot, dass d’Hängebréck ongeféier zwou Milliounen Euro kaschte wäert. Eng final Autorisatioun vum Ëmweltministère feelt nach. D’Gemengeresponsabel sinn awer zouversiichtlech. Ëmmerhin hätt ee vun Ufank u mat den zoustännegen Autoritéiten zesummegeschafft.