Iwwert de StauséiDe Projet vun enger Hängebréck gëtt ëmmer méi konkret

Pierre Jans
D'Gemeng Bauschelt huet all déi néideg Etüde maachen, an d'Pläng ausschaffe gelooss fir eng Bréck, déi Bauschelt mat Esch-Sauer verbënnt.
Stauséi: Projet vun enger Hängebréck gëtt ëmmer méi konkret
D’Gemeng Bauschelt huet all déi néideg Etüde maachen, an d’Pläng ausschaffe gelooss fir eng Bréck, déi Bauschelt mat Esch-Sauer verbënnt.

Mëtt de 50er Joren huet den nationale Waasserreservoir d’Regioun am Nordweste vum Land zerstéckelt. Elo kéinte se duerch eng nei Passerelle méi staark matenee verbonne ginn. De Projet vun enger Hängebréck iwwert de Stauséi gëtt ëmmer méi konkret.

D’Gemeng Bauschelt huet all déi néideg Etüde maachen, an d’Pläng ausschaffe gelooss fir eng Bréck, déi d’Duerf Bauschelt mat Buerfelt verbënnt. D’Autorisatioun vum Ëmweltministère steet nach aus, grad ewéi d’Äntwert op d’Fro ob, a wa jo, wéi vill Suen de Staat bäisteiert. De Pierre Jans war op Bauschelt, bei déi ganz euphoresch Käpp hannert dësem Projet “Hängebréck”.

Back to Top
CIM LOGO