Enseignantsgewerkschaft SEWLiberal Bildungspolitik kritt eng schlecht Nott

Monica Camposeo
Anne Wolff
D'Penurie vun den Enseignanten ass eng Konsequenz vun der neoliberaler Politik.
Den SEW gëtt der liberalwr Bildungspolitik eng schlecht Nott.
Der Enseignantsgewerkschaft no wier d’Penurie vun den Enseignanten eng Konsequenz vun der neoliberaler Politik.

Dat seet d’Enseignantsgewerkschaft SEW um Dënschdeg de Moien op der traditioneller Pressekonferenz virun der Schoulrentrée. Dëst Joer wier et wéinst de Walen och un der Zäit, fir de Bilan vun 10 Joer liberaler Bildungspolitik ze zéien. An dee fält der SEW no net onbedéngt gutt aus.

Et kéint een dem DP-Minister Claude Meisch net virwerfen, näischt gemaach ze hunn. Ma d’Joëlle Damé vum SEW schwätzt an deem Kader awer vun Aktionismus. Et géing wéineg mat den Acteuren um Terrain geschwat ginn an d’Mesuren aus de leschte Joren hätten dozou gefouert, dass de Schoulsystem esou zerspléckt ass, ewéi nach ni.

Joëlle Damé (SEW)

D’Vera Dockendorf, Spriecherin vum SEW, erkläert déi verschidde Parcoursen. Do wiere sechs verschidde Weeër, wéi dem däitschen oder franséischen Alphabetiséierungswee op der Reegelschoul, de frankophonen, germanophonen oder anglophone System op der Europaschoul oder dem brittesche System mat der “Primary School” am Lycée Michel Lucius.

Extrait Vera Dockendorf

Eltere fanne sech net méi zurecht

Kritik gouf et och zu den ëffentlechen Europaschoulen. Dës Ariichtunge wieren net un déi Lëtzebuerger Schoullandschaft adaptéiert. Schüler géingen ausgeklamert ginn an et géinge virun allem Kanner vun Elteren, déi sozio-ekonomesch gutt opgestallt ginn, esou eng Schoul besichen. Vill Eltere kéinte sech am Schoulsystem net méi orientéieren. Eleng fir de Fondamental géing et 6 verschidde Weeër ginn.

Am Secondaire wier dat nach méi komplizéiert, mat de verschiddene Filièren. Den SEW schwätzt an dësem Fall vun engem Schoul-Labyrinth. Besonnesch Famillje mat engem manner gudde sozio-ekonomeschen Hannergrond wiere benodeelegt.

Kanner, déi riskéieren duerch de System ze falen, kéinten duerch d’Europaschoulen nämlech net opgefaange ginn. Um Terrain géing ee gesinn, dass zum Beispill Kanner mat enger lusophoner Mammesprooch de Wee an eng Europaschoul net dacks géinge fannen.

Handwierk soll kee Plang B sinn

Dobäi kënnt, dass Kanner, déi spéider keen akademesche Parcours aschloen, däitlech am Nodeel sinn. D’Scolarisatioun op Englesch bis 5ième géing et herno schwéier maachen, eng Beruffsausbildung ze fannen. Et misst opgehale ginn, d’Handwierk als Plang B ze gesinn, mä et wier eng richteg Opwäertung vun den Handwierksberuffer néideg, huet d’Presidentin vum SEW betount.

Zwouklassegesellschaft ënnert dem Personal

Ënnert dem Claude Meisch wieren däitlech méi Employéeën agestallt ginn, eleng an den Europaschoule wier dat de Fall. D’Liberaliséiere vum Schoulwiesen hätt zu der Penurie vum Léierpersonal gefouert. Antëscht géing et ze vill verschidde Parcourse ginn, déi net eenheetlech sinn.

De Syndicat fir Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL bedauert, dass de Minister mat den neie Projete souwuel den Eltere wéi och dem Schoulpersonal géing Sand an d’Aae streeën. Et misst ee mat Recul d’Pilotprojeten, wéi zum Beispill d’Alphabetisatioun op Franséisch, bewäerten. Besser wier et, schonn am Viraus däitlech festzeleeën, wéi den Erfolleg vun esou neie Projete soll gemooss ginn. Dat ass och eng kloer Fuerderung vum SEW un déi nei Regierung.

Doriwwer eraus bréicht een nees e besseren Austausch mam Terrain. Den Ament hätt een d’Gefill, dass d’Ännerunge vun uewen erof géingen decidéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO