Liberté - FräiheetLiicht Spannungen op der Südlëscht

Marc Hoscheid
Den 8. Oktober presentéiere sech am Ganzen 12 Parteien de Wieler. Liberté-Fräiheet ass eng vun 9, déi a 4 Bezierker mat komplette Lëschten untrieden.

Ma nodeems et scho Rumouers op der Nord-Lëscht gouf, drénge lo och Streidereien aus dem Süd-Bezierk no baussen.
Virun allem déi zwee Spëtzekandidate Giovanni Patri a Perrine Felix schénge sech net wierklech gréng ze sinn. Dat beleeë Screenshotten aus engem WhatsApp-Grupp vun de Süd-Kandidaten, déi eis zougeschéckt goufen. Doranner schreift den Giovanni Patri ënnert anerem, d’Perrine Felix géing “Bordell maachen” an aner Kandidate vernennen. Op dat ugespaante Verhältnis ugeschwat, mécht den Giovanni Patri senger Co-Spëtzekandidatin dann och nach weider Reprochen.

“D’Madamm Felix huet Saache mat mir gemaach, déi een eigentlech net an engem Walkampf maache soll. Hatt krut och eng Mise en demeure pour enregistrement à mon insu, well et huet gesot, et géing een Enregistrement public maachen, deen an engem private Grupp war.”

Ma net just d’Behuele vum Perrine Felix stéisst dem Giovanni Patri sauer op. Hie géing sech och méi Transparenz bei de Finanze vun der Beweegung respektiv Partei wënschen. Aktuell hätt nämlech just de Roy Reding Zougrëff op d’Suen, ma deem seng Kommunikatioun no banne fënnt de Süd-Spëtzekandidat awer nach ausbaufäeg.

“An ech sinn net deen Eenzegen vun der Beweegung, et sinn och aner Kolleege Spëtzekandidaten, déi déi selwecht Froe gestallt hunn. Dat heescht: Wat ass mat de Sue gemaach ginn, wou sinn d’Rechnungen, wéi vill bleift iwwreg? An ech mengen, wann een da gesot kritt, maacht Iech keng Suergen, do hu mer Ticketen an dat kritt alles d’Cour des comptes, ok, mee firwat kënne mer dat net gesinn?”

Hien hätt awer kee konkrete Verdacht, datt Suen detournéiert goufen, et géing villméi ëm de Prinzip goen. De Roy Reding erkläert op Nofro hin, datt hie bei de Finanzen absolut transparent wier. Hien hätt eleng den Zougrëff op de Konto, well et nu eemol seng Sue wieren. An zwar eng Kéier ronn 47.000 Euro, déi hien als Sensibilité politique an der Chamber zegutt huet, an dann nach 20.000 Euro, déi hien der Partei geléint hätt. Zu de Streidereien tëscht de Spëtzekandidate wollt de Roy Reding iwwerdeems näischt soen, genee wéi d’Perrine Felix.

Back to Top
CIM LOGO