
An engem Avis, deen iwwer 30 Säite laang ass, beschreift d'Union des Livreurs du Luxembourg (ULL) zesumme mat der Fuerscherin Salomé Lannier , ee Secteur, deen zwar aus dem Alldag net méi fortzedenken ass, an deem d'Aarbechter awer mat enger déifgräifender Prekaritéit konfrontéiert sinn. Et feelt u klore Rechter, de wirtschaftlechen Drock ass héich an d'Gefor vun Ausbeutung ass real. D'ULL bedauert, net an d'Diskussioune ronderëm déi aktuell Reform vun der Plattform-Aarbecht agebonne ginn ze sinn, obwuel dës Decisiounen hire Beruff direkt betreffen.
D'Liwwerbranche zu Lëtzebuerg ënnerscheet sech staark vun där an den Nopeschlänner: Vill schaffen als Selbstänneger, anerer iwwer Gesellschaften, déi d'Konte vu méi Persoune geréieren. E puer schaffen iwwer geléinte Konten, well si net kënnen oder däerfen eege Konten opmaachen. Anerer, déi zum Beispill eng Demande op Asyl gemaach hunn, sinn zwar zougelooss, fir ze schaffen, ginn awer vun de Plattforme refuséiert. Doraus entsteet eng Mëschung vu verschiddenen, dacks onséchere Statuten, déi Mëssbrauch erméiglechen, an an deenen de Schutz vun de Mataarbechter feelt. Dofir féiert dëst zu enger staarker Ofhängegkeet vis-à-vis vun de Plattformen oder de Gesellschaften, déi sech dotëscht schalten.
D’ULL an d’Salomé Lannier weisen an hirem Rapport op déi wäitreechend digital Gestioun am Secteur hin. Onduerchsichteg Algorithme verdeelen d'Opträg, d'Präisser si variabel a ginn net kommunizéiert, automatesch Sanktiounen oder d'Zoumaache vum Kont sinn heefeg an d'Livreure spieren den Drock, permanent online mussen ze sinn. D'Plattform-Apps iwwerwaache Strecken, Aarbechtszäiten, Annulatiounen a kontrolléieren dacks och d'Identitéit mat biomeetresche Methoden. Vill Livreure verstinn net, wéi d'Decisiounen zustane kommen oder firwat hiert Akommes erofgeet, och wa si méi schaffen.
Nieft dem Statut, deen d'Mataarbechter hunn, also ob si Independant oder Salarié sinn, begéinen d'Livreuren och vill Problem am Aarbechtsalldag. Et feelt zum Beispill u Formatiounen, se si verbaler oder kierperlecher Gewalt vu Clientë respektiv Restaurateuren ausgesat an et gëtt keen effiziente Wee, fir Iwwergrëff ze mellen. Weider ginn d'Waardezäite net bezuelt an d'Aarbechtszäite ginn heiansdo iwwer 12 Stonnen den Dag, an dat all Dag an der Woch, eraus. De Maart ass saturéiert: ze vill Livreuren, ze wéineg Opträg. Domadder ginn d'Recetten erof an et ginn och riskant oder schlecht bezuelte Opträg ugeholl.
D’ULL fuerdert, datt d'Reform méi wäit geet, ewéi datt ee just d'Direktiv vun der EU iwwerhëlt. D'Livreure fuerderen total Transparenz iwwer Präisser, Algorithmen, de Volume vun den Opträg an d'Zuel vun den aktive Liwweranten. Si verlaangen e passenden Encadrement vun den Institutiounen, ugepasste Sanktiounen, e Recht op Ofschalten, Schutz géint Repressalien a fräiwëlleg Selbstännegkeet, wann dat gewënscht ass. Si plädéieren och fir Begleetstrukturen, Formatioune souwéi eng Diskussioun iwwer d'Regulariséiere vu prekär beschäftegte Leit, fir datt d'Bekämpfe vum Mëssbrauch net op Käschte vun de Schwächste geet.
Fir d'Livreuren ass déi geplangte Reform e wichtege Wendepunkt. Si fuerderen, datt Lëtzebuerg d'Realitéiten an hirem Secteur unerkennt: Dës essentiel Branche ass nach ëmmer wéineg gereegelt, an d'Dignitéit esou wéi d'Sécherheet vun de Betraffene sollt am Mëttelpunkt stoen.