Reform-Pak fir d'IndependantenOppositioun fuerdert méi Transparenz

Annick Goerens
An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber ass iwwer de Statutt vun de ronn 30.000 Selbststännegen diskutéiert ginn.
© RTL-Archiv

D'Situatioun vun den Independanten gouf an der Lescht nees dacks thematiséiert, well et sinn déi ronn 30.000 Selbststänneger, déi Krisen am meeschte spieren. Dofir verwonnert et net, dass de Moien an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer hire Statutt diskutéiert gouf.

De Constat war queesch duerch d'Parteibänken deen nämmlechten: Independanten spillen eng Schlësselroll an der Wirtschaft, mee si sinn dacks benodeelegt an hire Statut muss dofir dréngend moderniséiert ginn. Et bräicht eng Reform. D'Deputéiert vun déi Gréng Sam Tanson:

"Mir wëllen alleguer, datt d'Leit, déi sech op eege Féiss stellen, datt déi net benodeelegt ginn. Wann ee sech d'Texter ukuckt, déi vill scho laang Joren um Bockel hunn, dann huet een heiansdo den Androck, si wiere verfaasst gi mat der Suspicioun, datt e Selbstännege jo méi einfach kéint abuséieren an et dofir besser wier, ëm verschidde Rechter guer net oder nëmmen ageschränkt iwwerhaapt mol zouzegestoen. Et ass un der Zäit, do e Mentalitéitswiessel hinzekréien an der Aart a Weis, wéi den Independant geduecht gëtt."

Sozial Ofsécherung amplaz Krisemodus

D'Sam Tanson huet betount, datt d'Pandemie gewisen hätt, dass Independanten trotz hirem Bäitrag net ëmmer op dee selwechte soziale Schutz ziele kënnen ewéi d'Salariéen. Si huet dräi Prioritéiten ervirgehuewen: e bessere Schutz a Krisenzäiten, e méi einfachen Zougang zum Chômage an eng Reform vum Statut vum conjoint aidant. De Ben Streff vun der LSAP kritiséiert, dass ee mat all Krise just géing pléischteren. Et wier Zäit, eppes richteg ze änneren.

"Fält et eis do net op, dass mer vläicht eng Kéier aus deem Independance-Krisemodus an en Independance-Ofsécherungsmodus misste wiesselen?"

Net all Independant huet "breet Schëlleren"

Vill Deputéiert wollten och mam Virurteel opraumen, dass all Independant en decke Patron ass mat breede Schëlleren. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum ass selwer zanter 21 Joer selbststänneg.

"Dat heescht, net all Independant ass Patron an net all Patron ass Independant. Kënnt och derbäi, fir d'Diskussioun vollstänneg ze maachen. An déi allermeeschte vun deenen Independanten, déi schaffen op hir eege Kap. Dat heescht, si employéieren an embauchéiere keng Leit. Dat ass d'Majoritéit vun deene Leit, déi zu Lëtzebuerg als Independant am Moment deklaréiert sinn an als Independant kotiséieren."

De Politiker huet betount, datt d'Prekaritéit bei dëser Grupp grouss wier. De Marc Baum fuerdert donieft, dass virun allem bei Plattform-Aarbecht a Freelance-Modeller méi streng kontrolléiert gëtt, ob et sech wierklech ëm Independanten handelt.

"Complexité administrative" statt Vereinfachung

De Sven Clement huet virun allem d'administrativ Belaaschtung kritiséiert. Trotz ville Verspriechen géif et nach ëmmer kee richtege Guichet unique ginn.

"Mir sinn an engem Wirrwarr tëscht Pabeier, PDF, Bréiwer, E-Mailen, MyGuichet an anere Plattformen ukomm. [...] Dat ass net Simplification administrative, dat ass Complexité administrative an déi sollte mer ofschafen." D'Alexandra Schoos vun der ADR fuerdert e besseren a méi séiere Schutz am Krankheetsfall, ma och eng méi gerecht Ofsécherung bei Schwangerschaft a beim Congé parental."Dat heescht, eng vollstänneg Dispens vun der Aarbecht am Risikofall, mat engem komplette Gehaltsausgläich duerch d'Gesondheetskeess, esou wéi bei de Salariéen."

Regierung versprécht Reformen

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet zouginn, dass et an der Vergaangenheet keng adequat Ofsécherung fir d'Independante gouf. An der Pandemie hätt d'Regierung dowéinst missen improviséieren.

"Et war net nëmme kee Filet do. [...] Et gëtt eng Responsabilitéit, wann een als Staat wëll Independante fërderen, dass een e Filet dohinner leet."

Doriwwer eraus sot de Lex Delles, dass d'Ënnerstëtzung scho géing ufänken, ier eng Entreprise gegrënnt gëtt. Als Beispiller huet hien d'Aide primo-créateur genannt, mat där nei Entrepreneure wärend sechs Méint bis zu 2.000 Euro de Mount kréie kënnen, wa si soss keen Akommes hunn. Och d'Reform vun der Deuxième chance huet hien ervirgehuewen, déi et Entrepreneure méi einfach maache soll, no enger Faillite nach eng Kéier nei unzefänken.

Fir d'Zukunft huet de Minister versprach, d'Selbststänneg besser ofzesécheren. Nieft enger Vereinfachung vun den administrative Prozeduren – ënner anerem mat engem eenheetlechen Identifiant – soll och de "Paquet indépendant", deen am Koalitiounsaccord virgesinn ass, fir méi sozial Sécherheet suergen. D'CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet och ënnerstrach, dass d'Stäerkung vun den Independanten am Koalitiounsaccord festgehale wier an dass un engem "Paquet indépendant" geschafft géif ginn.

Oppositioun kritiséiert: Kee richtege Suivi

D’Oppositioun huet kritiséiert, datt trotz fréiere Verspriechen nach ze wéineg konkret ëmgesat gouf. D'Sam Tanson vun déi Gréng huet eng Motioun deposéiert am Numm vun dräi Oppositiounsparteien. Do gëtt ënner anerem gefuerdert, dass d'Chamber méi fréi an de Prozess agebonne gëtt an net eréischt fäerdeg Texter virgeluecht kritt. De Pirat Sven Clement:

"Et muss ee sech e bësse bewosst sinn, datt wann d'Majoritéitsparteien hei soen, et ass ze fréi fir eng Motioun fir iwwert den État d'avancement ze schwätzen, dann heescht dat, mir wëllen eis net an d'Kaarte blécke loossen. [...] Mir wëllen dat e bëssen am stillen Kämmerlein hannert zouenen Diere maachen."

D'Majoritéit huet géint dës Motioun argumentéiert, well d'Reformaarbechten nach amgaange sinn an detailléiert Texter fir d’Rentrée geplangt sinn.

D'Resultat vun der Ofstëmmung war kloer: d'Motioun gouf mat 34 Nee-Stëmmen géint 25 Jo-Stëmmen ofgeleent.

Back to Top
CIM LOGO