Wolt reagéiert“Dat ass net, wéi mir schaffen”

Raphaëlle Dickes
Rezent hate Livreure géint eng Verschlechterung bei der Bezuelung protestéiert.
Wolt reagéiert: "Dat ass net wéi mir schaffen"
Rezent hate Livreure protestéiert géint eng Verschlechterung bei der Bezuelung protestéiert.

Och goufe Reprochen erhuewen, d’Liwwerplattform géif mat Sous-traitante schaffen, déi vulnerabel Chauffeuren zu deels illegale Konditioune beschäftegen an ausbeute géifen.

Dës Betriber géifen Aarbechtskontrakter vun 8 Stonnen d’Woch maachen. A Wierklechkeet missten d’Livreuren awer 60-70 Stonne schaffen an héich Prozentsätz un d’Sous-traitanten ofginn. Et géif Deels viru Flüchtlingsstrukture rekrutéiert. Och Leit ouni Statut géife fir déi Betriber schaffen a misste jee no Statut méi Kommissioun ofginn. “Esou, dass do deelweis mat mafiéise Methode geschafft gëtt”, sot den David Angel vum OGBL de 16. Juni am RTL-Interview.

Bis ewell hat Wolt Lëtzebuerg just schrëftlech kommunikéiert. Wuel schaffen eng 30 Mataarbechter zu Lëtzebuerg. De Christian Kamhaug, Responsabel vun der Kommunikatioun an de Presse-Relatiounen ass awer net hei baséiert an ass Mëtt Juli extra ugereest, fir Stellung ze huelen. Am RTL-Interview seet hie sech schockéiert iwwer d’Virwërf. “Dat ass net wéi mir schaffen. Mir sinn en nordesche Betrib mat nordeschen Traditiounen a mir fanne gutt Aarbechtsrelatiounen an eng fair Bezuelung wichteg."

An aneren europäesche Länner war Wolt awer scho mat änleche Virwërf konfrontéiert. Et hätt een dat effektiv op verschiddene Marchéë gesinn, anerer géife ganz gutt fonctionéieren, esou de Pressespriecher. Zu Lëtzebuerg hätt een dat elo déi éischte Kéier héieren. Bis elo hätt kee sech gemellt oder beschwéiert, och net iwwer de Kanal fir Whistleblower. Wolt hätt keng direkt Beweiser an och keng Nimm vu betraffene Livreuren, mee wéilt der Saach nogoen an adequat reagéieren.

Zesummenaarbecht mat “Sous-traitante” soll am Summer auslafen

De Begrëff “Sous-traitant”, dee bis ewell vun de Gewerkschaften an an der Press benotzt gouf, wëll Wolt corrigéieren. Et géif sech hei ëm “Fleet companies” handelen. Tatsaach ass: et si Betriber, déi Livreure beschäftegen, déi fir Wolt Iessen oder soss Akeef liwweren. Am Virfeld vun enger Zesummenaarbecht mat dëse Firme géif d'Liwwerplattform Risiko-Iwwerpréiwunge maachen a spéider reegelméisseg Kontrollen, betount de Christian Kamhaug. “Mee mir kënnen net all Livreur op der Strooss kontrolléieren a kucken, wéi ee Kontrakt si hunn.”

Wéi vill Livreure bei Wolt Lëtzebuerg ee Kont hunn, wëll d’Plattform net uginn. Just esouvill: et wären der tëscht 500 an 1.000. Aktuell géife just nach eng 50 Livreure bei enger “Fleet company” schaffen. D’Liwwerplattform confirméiert, datt se zu Lëtzebuerg mat zwou “Fleet companies” zesummeschafft. Allerdéngs net méi laang. D’Zesummenaarbecht soll dëse Summer, nach Enn Juli auslafen, seet de Christian Kamhaug. Dat hätt awer näischt mat de rezente Virwërf ze dinn. “Nee, dat war vun Ufank un de Plang. Dat ass wéi mer schaffen. Wa mir an een neie Marché erakommen, schaffe mer mat lokalen Entreprisen. A loossen dat dann auslafen, wa mer méi Livreuren hunn, déi direkt mat eis schaffen. Mir hunn dat léiwer.”

Fest steet: Deemnächst wäert et zu verschäerfte Kontrolle vun der ITM kommen, dat hat den Aarbechtsminister Marc Spautz opgrond vun de Virwërf ugekënnegt.

Keng Verschlechterung vun den Tariffer, mee Modell hätt  geännert

Fakt ass awer och, datt dës Independante sech beschwéieren, datt d'Bezuelung méi schlecht gi wär. Si géifen deels 30-40% manner verdéngen. Manner wéi de Mindestloun fir 12 Stonnen Aarbecht, 7 Deeg d’Woch. Wolt weist déi Virwërf zréck. Wuel géif et een neie Bezuel-Modell zréck, wou Liwwerunge bei vill Nofro besser a bei manner Demande manner gutt bezuelt ginn. Mee d’Bezuelung u sech hätt ënnert dem Stréch net geännert, ënnersträicht de Pressespriecher vu Wolt. Wéi si sech dann déi Baissen ze erklären, wéinst deenen eng Rei Livreuren den 12. Juni protestéiert hunn? Fir Eenzeler kéint dat effektiv de Fall sinn, gëtt de Christian Kamhaug zou. “Wann s de just zu Zäite schafft, wou wéineg Nofro ass, da wäerts du et spieren. Mee wann s du gescheit bass a schaffs, wa méi Aarbecht do ass, da wäers du méi verdéngen."

 D'Livreure wäre fräi ze schaffen, wéini se wéilten. Si kréichen d'Bezuelung fir eng bestëmmt Liwwerung ugewisen a kéinten dann acceptéieren oder net. De System géif kee bestrofen.

80% vun de Livreure wäre léiwer Independant

Vertrieder vun de Livreuren an d'Gewerkschaften haten an der Tëscht och Rendez-vous beim Aarbechtsminister. D'EU-Direktiv fir Plattform-Aarbecht soll nämlech an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Bis Dezember soll Lëtzebuerg eigentlech en entspriechend Gesetz hunn. D'Gewerkschafte fuerderen, datt sougenannt falsch Independantë per Gesetz de Statut vum Salarié misste kréien.

Wolt no wier den Interessi vun de Livreuren do awer net grouss. Ëmfroen hätten erginn, datt 80 Prozent gär als Independant géife schaffen, fir flexibel kënnen ze sinn. Vill géifen och just niewelaanscht als Livreur schaffen, e puer Stonnen d’Woch. An Däitschland, a Finnland an Norwegen hätt d’Liwwerplattform awer och verschidde Livreure fest agestallt. Et géif een deemno kucken, wéi ee Modell am meeschte Sënn géif maachen. Kommerziell awer och wat déi jeeweileg Gesetzeslag ugeet.

Wat d’Ëmsetzung vun der EU-Plattform-Direktiv ugeet, géif Wolt mat den jeeweilegen Autoritéiten aus de verschiddene Länner zesummeschaffen. Vu datt een an 30 verschiddene Länner present wär, géif een op méi homogen Reegelen uechter d’EU hoffen. “Mir sinn oppe fir méi Reguléierung, soulaang se sënnvoll ass.”

Back to Top
CIM LOGO