Et steet ausser Fro, datt Lëtzebuerg d'EU-Direktiv iwwert d'Plattform-Aarbecht ëmsetzt, seet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz am Kontext vum rezente Protest vun de Livreure vun der Firma Wolt. Datt dat bis elo nach net de Fall ass, läit senger Meenung no um Sozialdialog, deen déi lescht Zäit broochlouch.
Elo wou d'Tripartite d'Sozialpartner nees un een Dësch bruecht hätt, stéing enger "relativ séierer" Ëmsetzung näischt méi am Wee, seet en zouversiichtleche Minister. Ëmmerhin huet den Aarbechtsministère schonn en Aarbechtsdokument zur Plattform-Aarbecht ausgeschafft, op dat ee sech baséiere kéint.
Wann do nach méi misst zougedréint ginn, fir esou Situatioune wéi déi elo bei Wolt ze verhënneren, da géif een dat och maachen, warnt de fréiere Gewerkschaftler am RTL-Interview.
De Marc Spautz ass formell: Et kéint net sinn, datt et zu Lëtzebuerg Geschäftsmodeller ginn, déi op d'Schicksal vun "deenen Ënneschten an eiser Skala" opbauen.
De leschte Freideg haten eng ganz Rëtsch Livreure mat enger spontaner Protestaktioun géint hir Aarbechtskonditioune beim Liwwerservice protestéiert.
De Marc Spautz verschléisst sech och net enger Entrevue mat hinnen, der UEL an de Gewerkschaften.
Am Kader vum Protest hat och Wolt Dialogbereetschaft signaliséiert. Et stéing een am direkte Kontakt mat de betraffene Liwweranten an et hätt een dës och schonn op e Gespréich invitéiert, housch et de leschte Freideg. Feedback vun de Liwwerante géif eescht geholl ginn an et wéilt een hir Suergen duerfir och besser verstoen.