Zil soll et sinn, de Fraen d‘Recht ze ginn, iwwer hiren eegene Kierper ze decidéieren, géint Diskriminatioun virzegoen an d‘medezinesch an d’psychologesch Betreiung vun de betraffene Leit ze verbesseren.
No der 12. Woch ass ee Schwangerschaftsofbroch nëmmen erlaabt, wann den Embryo beschiedegt ass oder gréisser Gesondheetsriske fir déi zukünfteg Mamm bestinn. Fir d’Taina Bofferding, Fraktiounscheffin vun der LSAP, ass e Schwangerschaftsofbroch op alle Fall eng reng privat Ugeleeënheet.
“Do huet keng Institutioun, keng Organisatioun an och net de Staat sech anzemëschen. Wat fir eis wichteg ass, dass wann eng Fra bis déi Decisioun hëlt, dass se begleet gëtt, dass se neutral berode gëtt a wa se eeben déi Decisioun hëlt, dass si dann och den Accès kritt an dass dat esou problemlos wéi méiglech deen Ament ka stattfannen an dass se och déi néideg Hëllefe kritt, dat ass fir eis dat Essentielt, et ass ee Selbstbestëmmungsrecht.”
D’LSAP argumentéiert engersäits, datt et en erhéichte Risiko géif, datt ongewollt Schwangerschafte méi spéit erkannt géifen, an anerersäits bräichte verschidde Fraen och méi Bedenkzäit, fir hir Entscheedung ze treffen. Fir d’Presidentin vun de Femmes socialistes, d’Maxime Miltgen, kéint den erlaabten Delai fir en Avortement souguer iwwer 14 Wochen eraus goen:
“Well dat de Frae méi Zäit gëtt, well et een Exile médicale ka verhënneren, dass Fraen no deem Delai, deen hei zu Lëtzebuerg méiglech ass, an d‘Ausland ginn, dass een och kann Tester vu Maladies rares ofwaarden, wou d‘Resultater bëssi méi laang daueren, dass d‘Fraen do einfach kënnen, wa se d‘Resultater hunn, iwwerleeën, wat fir eng Entscheedung se wëllen treffen. An och schlussendlech fir déi Fraen, déi einfach méi spéit réischt entdecken, dass se schwanger sinn, dass déi och Zäit hunn, fir eng Entscheedung ze treffen.”
De President vun de Lëtzebuerger Gynekologen, den Dr. Pit Duschinger, léisst d’Argumenter vun de Sozialisten net all gëllen an erkläert, firwat d’Société Luxembourgeoise de Gynécologie et d’Obstétrique (SLGO) géint eng Verlängerung vun der Ofdreiwungsfrist ass..
“Éischtens mol bestinn ethesch Bedenken, ganz einfach wéinst dem net-invasive prenatalen Test, dee mir haut kënnen de Leit ubidden, schonn an der 12. Woch. An dofir sinn dat natierlech Saachen, déi eventuell zu geschlechtsbezunnenen Avortementer kéinte féieren, wann d‘Leit op eemol soen ‘Oh nee, mir hu schonn zwee Jongen, dat do gëtt een Drëtten, elo maache mir een Avortement.’ Da kënnt nach dobäi, dass d‘Gefor, wat déi Woche méi an d‘Luucht ginn, vum Agrëff selwer natierlech lues a lues ëmmer méi grouss ginn, dass ee Verletzunge ka kréien, Nobluddunge ka kréien.”
Dat aktuellt Gesetz zu Lëtzebuerg gesäit nëmmen eng Ausnam vun der Ofdreiwungsfrist vir, am Fall vun enger seriöer Gefor fir d’Gesondheet oder d’Liewe vun der schwangerer Fra oder dem ongebuerene Kand.
D’Gesondheetsministesch Martine Deprez seet, den CSV-DP-Koalitiounsaccord géif just virgesinn, d’Reflexiounsfrist vun 3 Deeg ofzeschafen. Eng Verlängerung vun der Ofdreiwungsfrist vun 12 Woche wier den Ament keen Thema.
D’LSAP wëll awer weider Drock maachen a gesäit et als essentiel, d’Recht op Ofdreiwung ze sécheren, andeems et och an d’Lëtzebuerger Verfassung sollt opgeholl ginn. Ausserdeem fuerderen d’Sozialisten, datt e sougenannten “Délit d’entrave” agefouert gëtt. Also, datt Persounen, déi schwanger Fraen drun hënneren, fräiwëlleg ofzedreiwen, bestrooft ginn. D’Fraendoktere par contre sinn do dogéint.