RTL-InformatiounenLuc Feller als Successeur vum Laurent Zeimet am Staatsrot

Roy Grotz
Den nächsten Dënschdeg gëtt e Successeur fir de Laurent Zeimet an der Plenière vum Staatsrot nominéiert.

Op d’mannst 3 personell Changementer stinn am Staatsrot déi nächst Méint an d’Haus.

Den nächsten Dënschdeg gëtt e Successeur fir de Laurent Zeimet an der Plenière vum Staatsrot nominéiert. Dëst wäert RTL-Informatiounen no de Luc Feller ginn.

De Luc Feller entsprécht komplett engem vun den 2 Profiller, déi de Staatsrot am Appel à candidatures definéiert hat, nämlech e Jurist mat Connaissancen am Fonctionnement vum Staat an de Gemengen.

Deemno wäert den CSV-Buergermeeschter vu Mamer de Sëtz vum Beetebuerger Député-Maire iwwerhuelen, deen no de Walen an d’Chamber gewiesselt ass.

De Luc Feller war 8 Joer laang Haut Commissaire à la Protection Nationale - ee Posten, deen hie virun engem Mount verlooss huet, fir Conseiller vum Finanzminister Gilles Roth ze ginn, dee virun him Mamer Buergermeeschter war. Wärend de Koalitiounsverhandlungen war de Luc Feller Assistent vum Formateur Luc Frieden.

Dann ass e weidere Posten am Staatsrot ze besetzen, nodeem d’Martine Deprez Santés-Ministesch gouf an duerfir um Dag vun der Assermentatioun vun der Regierung demissionéiert huet. Dee Posten steet u sech der ADR zou, déi bis ewell just duerch d’Affekotin Véronique Stoffel an der héijer Kierperschaft vertrueden ass - d’ADR reklaméiert dee Sëtz dann och fir sech, dee vun der Regierung designéiert gëtt.

E weidere Poste gëtt da fräi, wann den aktuellen Vize-President Patrick Santer am Abrëll aus dem Staatsrot ausscheet.

Och um Poste vum Staatsrotspresident gëtt et jo am Fréijoer e Wiessel, wann den Affekot Marc Thewes déi Tâche wäert iwwerhuelen, an de Christophe Schiltz nach e puer Méint wäert als Conseiller siegéieren, éier hien den Ambassadeursposten zu Roum wäert iwwerhuelen.

Luc Feller an de Staatsrot - Reportage Roy Grotz

Back to Top
CIM LOGO