
Nom Chamber-President Claude Wiseler huet dës Woch och lo d’Co-Presidentin Elisabeth Margue offiziell deklaréiert, fir net fir eng zweete Kéier fir d’Partei-Presidence ze kandidéieren. Deemno war d’aktuell Justizministesch nëmmen 2 Joer laang Presidentin, sou laang wéi virun hir de Frank Engel, deen entretemps och net méi an der CSV ass, mee Fokus matgegrënnt huet.
RTL-Sourcen no kéint d’Presidence vun der Vollekspartei vu staarker Hand geleet ginn. Interesséiert wieren notamment de Premier Luc Frieden, mee och de Finanzminister Gilles Roth. Dee sot elo de Kolleege vum ëffentlech-rechtleche Radio 100,7 géigeniwwer, hie géing et gutt fanne wann de Luc Frieden géing President ginn.
Wann de Luc Frieden CSV-President géif ginn, wier dat eng Première an der CSV-Geschicht, déi bis ewell 14 Presidente gesinn huet.
Hinnen zur Säit stéing eng Fra an d’Course kéinte fir d’Co-Présidence zum Beispill d’aktuell Generalsekretärin Stéphanie Weydert oder och d’Diane Adehm goen.
Och d’CSV-Generalsekretäre ginn am Fréijoer um Kongress nei gewielt: Et ass dann och sécher, datt den Deputéierte Christophe Hansen als proposéierten EU-Kommissär net méi wäert kandidéieren. Dat huet hien op RTL-Nofro hi bestätegt, esou datt de Wee fräi wier fir d’CSV-Nowuesspolitiker Alex Donnersbach oder d’jonk Deputéiert Françoise Kemp. Hei dierften awer sécher nach potentiell Kandidate bäikommen, bis de Kongress Mëtt Mäerz zu Hesper beienee kënnt.