No de Gespréicher ronderëm den Ukrainkrich an och d'Handelsdefiziter mat China e Donneschdeg, gouf e Freideg iwwert den EU-Budget fir d'Joren 28 bis 34 diskutéiert. D'Situatioun am Noen Oste stoung dann och nach um Ordre du jour.
Et ass ee Sujet mat vill Sträitpotenzial. D'Fro vun de Suen. Ganzer zwou Billiounen Euro proposéiert Zypern. D'Land huet jo nach bis Juli d'EU -Presidence. Dës Zomm geet de méi spuersame Länner wéi Däitschland, Éisträich, Schweden oder och nach Holland, wuertwiertlech nawell zolidd op de Su. Op d'mannst ass esou d'Ausso vum däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz bei senger Arrivée de Moien ze verstoen.
"Wir müssen über die Höhe des Budgets sprechen. Der auf dem Tisch liegende Vorschlag ist deutlich zu hoch. Die Zahlen müssen runter. Und wir müssen uns auch über die Einnahmen der Europäischen Union unterhalten, denn wir können nur so viel Geld ausgeben, wie wir auch haben."
De Friedrich Merz géif senge Rotskolleegen dann och dovunner ofroden, nei Scholden opzehuelen. Déi albekannten Differenzen an der Budgetspolitik sinn deemno och op dësem Sommet nees däitlech ginn. Géint déi spuersam nordeuropäesch Länner stelle sech ronn 16 Süd-an Osteuropäesch Memberstaaten, dorënner Spuenien, Italien, Polen oder och nach Portugal, déi sech, wéi si soen, fir e méi ambitiéise Budget asetzen, deen och duerch gemeinsam Scholde kéint finanzéiert ginn. Op wéi enger Säit steet Lëtzebuerg? An der Mëtt, esou de Premier Luc Frieden nom Enn vum Sommet haut am Nomëtten.
"Tëschent deenen, déi fannen, de Budget war vill ze grouss, an deenen, déi fannen, de Budget war vill ze wéi kleng, situéiere mir eis an der Mëtt. A mir soen déi nei Propositioune vun der zypriotescher Presidence ginn an eng gutt Richtung."
Richteg Richtung heescht fir Lëtzebuerg konkret, "dat ass Recherche, Innovatioun, nei Technologien, Energietransitioun a Sécherheet. Natierlech wësse mer, datt mer déi aner Beräicher, déi traditionell Beräicher vum EU-Budget net kënnen einfach stoppen. Och do hänke ganz vill Aarbechtsplazen drun."
Budgetsverhandlunge wieren ëmmer eng Fro vu Kompromëss, et wier awer lo nach ze fréi, fir iwwert d'Detailer ze schwätzen.
Iwwer Mëtteg goung et eriwwer op den zweete Sujet, den Noen Osten. Konkreet stoung d'Fro am Raum, wéi een israeelesch Handelsgidder aus de besate Gebidder kéint limitéieren. Do huet een der EU-Kommissioun elo den Optrag ginn, konkreet Proposen auszeschaffen, esou de Lëtzebuerger Premier.
"t ass kloer, datt déi Attitüde vun Israel an de gréissten Zich vun deene meeschte Länner net als gutt empfonnt ginn. Fir dat herno ze kucken, wat dat heescht par rapport zu Moossnamen, ech mengen dat kann een haut net kloer doraus soen, do mussen d'Ausseministeren an hiren nächste Conseilen kucken an d'Kommissioun, sou wéi se dat och annoncéiert hat, wäert do an nächster Zäit da Propositioune maachen.
Weider géif een d'Accorden tëscht dem Iran an den USA an och d'Wafferou tëscht Israel an der pro-iranescher Hisbollah-Miliz mat Sëtz am Libanon begréissen. Et wier awer kloer, datt den Iran weider ënner enger staarker Observatioun misst bleiwen, esou nach de Luc Frieden.