De Luc Frieden huet verséchert, hie wier de President vun all den Entreprisen. U sech eng selbstverständlech Ausso, mä ëmmerhin war de Luc Frieden deels ëmstridden. Engersäits fir d’Aart a Weis, wéi hie sech an d’Gespréich bruecht huet, anerersäits, well hie selwer net Entrepreneur ass an aus der Finanzplaz kënnt.
De fréiere Minister fënnt et net esou aussergewéinlech, datt e fréiere Spëtzepolitiker vum Land elo den Interessi vum Handel vertrëtt. Fir de Luc Frieden ass et ëmmer drëm gaangen, fir déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung vu Lëtzebuerg weiderzebréngen, wat een op verschidden Aart a Weise ka maachen. D'Chambre de Commerce dréckt d'Vue vun allen Entreprisen aus dem Commerce, der Industrie, dem Finanzsecteur oder der Horesca aus. Dofir ass dëst e Weiderschaffen, fir datt et dem Land an de Leit déi do wunnen a schaffen gutt geet.
Virun der Wiel gouf et Kritik, well de Luc Frieden eben net aus dem Commerce koum. An awer gouf hie vun all de Secteuren eestëmmeg gewielt. Hie gouf vum Finanzsecteur proposéiert, well hie President vun enger Bank ass, a wëll awer kucken, fir d'Interesse vun alle Secteuren ze representéieren. Dofir wëll de Luc Frieden kucken, wat déi Sujete sinn, déi all d'Secteure concernéieren an do proaktiv schaffen, fir d'Land weiderzebréngen. Hien huet dräi Sujeten: Digitalisatioun, internationalen Handel esou wéi d'Formatioun an d'Rekrutement vun de Leit. Do kënne sech der Meenung vum Luc Frieden no och déi kleng Betriber erëmfannen, well wann et deenen enge gutt geet, geet et och deenen anere gutt.
De Luc Frieden mengt net, datt seng aktuell Positioun verbonne mat sengem fréiere Posten als CSV-Finanzminister als "Oppositiounspolitik" kann ugesi ginn. Hie wëll déi Sujeten, wéi d'Presentéiere vum Budget, och op eng parteipolitesch neutral Aart ugoen. Grad, well d'Chambre de Commerce näischt mat enger Partei ze dinn huet, mä Deel vun den Institutiounen ass.D'Zil vum Luc Frieden ass et, fir zesumme mat der Regierung an zesumme mat de Parteien ze kucken, dat eist Land viru kënnt.
Fir de Luc Frieden ass d'Thema Walen elo emol eriwwer, nodeem hie 5 Mol matgaangen ass an 3 Mol an d'Regierung koum. Hie setzt sech nach weider dofir an, datt Lëtzebuerg an Europa sech weiderentwéckelen. An dat kann een och iwwert d'Chambre de Commerce oder iwwer aner Poste maachen. Et gi vill verschidden Aufgaben, eng dovunner ass d'Chambre de Commerce, wou de Posten un de Luc Frieden erugedroe gouf. Dëst ass eng Aufgab, déi an der Kontinuitéit vun deem läit, wat de Luc Frieden gemaach huet. Hie wëll seng Aarbecht am Interêt vun de Betriber maachen, well dës de Pilier vun der wirtschaftlecher Entwécklung vun eisem Land sinn.
RTL.lu-Artikel mat Commentairen: Luc Frieden neie President vu Chambre de Commerce