
Et gi lues a lues erëm méi nei Wunnengen gebaut. Dat sinn d’Zuele vun 2016, mä ëmmerhin méi aktuell, wéi déi vun 2015.
2016 sinn 3.856 nei Wunnengen op de Marché komm, sou de Statec. Dat wieren haaptsächlech Appartementer, 70% fir präzis ze sinn. Haiser ginn ëmmer manner gebaut, allerdéngs ginn déi, déi gebaut ginn ëmmer méi grouss.

Rekordjoer bleift nach ëmmer 2008 mat 4.444 neie Wunnengen. De staarke Réckgang wier op d’Finanz- a Wirtschaftskris zeréckzeféieren, mengt den Institut. Lues a lues kéim een awer erëm op den Niveau vu virun der Kris.
De Statec betount awer och, datt d’Zuel un neie Stéit hei am Land méi séier wiisst, wéi déi vun de neie Wunnengen. Wou all d’Leit ënnerkommen bleift offiziell e Geheimnis. Eng Erklärung, déi een emol héiert ass déi, datt vill Stéit nach hei am Land ugemellt wieren, mä am Ausland géinge liewen.
D’Fondation Idea, eng Initiativ vun der Chambre de Commerce, seet de Manktem u Wunnengen wier iwwerdriwwen an d’Stéit déi bäikommen, kéimen an deene Wunnengen, déi et scho ginn an disponibel sinn.
Wunnengen, déi eidel stinn, ass effektiv reegelméisseg e vill kommentéierte Sujet hei am Land.