Steiervergënschtegungen"LuxLetters"-Affär ouni Suitte klasséiert

RTL Lëtzebuerg
No de Virwërf géint Lëtzebuerg, e Wee fonnt ze hunn, fir weider virdeelhaft Steierdeals unzebidden, gouf d'Affär vun der EU-Kommissioun klasséiert.
© RTL Archiv

D’EU-Kommissioun huet d’Luxletters-Affär ouni Suitte klasséiert, dat sot en Donneschdeg de Moien de Finanzminister Pierre Gramegna op der Chamberstribün am Kader vum Ofschloss vun den Debatten iwwert de Staatsbudget vum anere Joer. Hien hätt e Mëttwoch den Owend eng deementspriechend Matdeelung vu Bréissel kritt.

Extrait Pierre Gramegna

Op europäeschem Niveau goufen d’Revelatiounen iwwer méiglech Steiervergënschtegungen hei am Land och vum Europaparlament opgeschafft. De liberale Finanzminister stoung fir Explikatiounen an der zoustänneger Steierkommissioun net zur Verfügung, obwuel hien invitéiert gi war.

RTL News: “Déi Polemik, déi do lancéiert ginn ass, ass eppes, dat et net gëtt”
RTL News: De Grand-Duché ass nees mat neie Virwërf konfrontéiert

Back to Top
CIM LOGO