"Süddeutsche Zeitung"Mackel: "Steiersystem wuel net verstan", Asselborn: "Hu reagéiert"

RTL Lëtzebuerg
"Steieroas Lëtzebuerg" konnt een an der "Süddeutsche" liesen: 5 Joer no de Lux-Leaks zitt eis Finanzplaz nach ëmmer auslännesch Verméigen un.

"Reiche Deutsche zieht es nach Luxemburg", dat war d'Iwwerschrëft an der "Süddeutsche" e Freideg an engem Artikel op hirer Une.
Recherche vun der Süddeutschen, dem NDR an dem WDR hätten erginn, dass 20 vun 100 räichen däitsche Bierger Betriber am Lëtzebuerger Handelsregister stoen hätten. D'Süddeutsche weist mat e puer Beispiller, wéi grouss däitsch Konzerner hir Beneficer duerch Lëtzebuerger Societéite klengrechnen an esou massiv Steiere spuere géingen.

4, 5 Joer no de Revelatioune vum Lux-Leaks-Skandal géif sech deemno weisen, dass, och wann d’Lëtzebuerger Regierung eppes anescht behaapt, de Grand-Duché weiderhi mat extrem niddrege Steier-Tauxe géif lackelen. D’Collaboratioun mat der Lëtzebuerger Regierung géif zwar zanter 2014 gutt harmonéieren, mä et wier nach net alles erleedegt, seet de Moscovici.

Am Artikel gëtt och d‘Beispill zitéiert vun enger Holding, déi der däitscher Milliardär-Famill Reimann gehéiert, där ënnert anerem Kaffi- an Hygien-Marken gehéiert. Déi Holding, déi hei am Land hire Sëtz huet, hätt am Joer 2017 ronn 388 Millioune Benefice gemaach. Dorobber hätt een awer just eppes iwwer 1 Millioun u Steieren bezuelt, manner also wéi en hallwe Prozent.

Jean Asselborn um NDR

Um Norddeutscher Rundfunk NDR huet de Lëtzebuerger Ausseminister reagéiert a gesot, datt hie géif grouss Progrèse gesi beim Virgoe géint aggressiv Steierspuermodeller zanter de LuxLeaks-Revelatioune viru 5 Joer.

Esou géif et antëscht den automateschen Austausch, wat Rulingen ugeet. Lëtzebuerg hätt iwwer 11.000 där "Bescheide" un europäesch Länner matgedeelt.

Bei de Reformen, esou de Jean Asselborn, wiere Fortschrëtter gemaach ginn, dat misst een unerkennen. Et misst een awer och unerkennen, datt Lëtzebuerg eng Finanzplaz hätt - aner Länner géife Waffe produzéieren, wann ee scho bei moralesche Moosse wier.

De Jean Asselborn huet och gesot, datt net just Däitscher hir Suen op Lëtzebuerg bréngen, mä datt och Lëtzebuerger an Däitschland investéieren. Konkret huet hien do un de Flavio Becca verwisen, deen den 1. FC Kaiserslautern rette wéilt.

Et géif eben zu de Fräiheeten an Europa gehéieren, datt ee seng Suen do placéieren duerf, wou ee wëll. Esou hätt Airbus als däitsch-franséische Konzern säi Siège an Holland an dat wier och säi gutt Recht.

Op alle Fall wieren d'Lëtzebuerger keng Leit, déi einfach hannert der Heck géife stoen, fir d'Leit ze beducksen. An et hätt een och agesinn, datt dat mat de Rulingen net esou weidergoe kéint an dorop hätt een och reagéiert.

Nicolas Mackel am RTL-Interview

"Ech hunn den Artikel gesinn a soen Iech léiwer net, wat ech dovunner denken", reagéiert den Direkter vu Luxembourg for Finance am RTL-Interview. Dem Nicolas Mackel no géingen hei auslännesch Medie kuerz virun den Europawale sech op den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker aschéissen. Donieft géinge vill technesch Elementer an den Artikelen ignoréiert ginn.

Tëscht der grousser Offer u verschidde Societéitsformen an de Besteierungsmodeller, déi Firme gebrauchen, misst een "en Ënnerscheed" maachen, sou den Nicolas Mackel.

Kompletten Interview mam Nicolas Mackel

De Fait, datt et eng Rei vu Forme vu Vehikele ginn hätt, also näischt direkt mat aggressiver Steierstrategie ze dinn. Auslännesch Firme wieren aus ganz anere Grënn, wéi Steieroptimiséierung, zu Lëtzebuerg vertrueden, sou den Nicolas Mackel. Wéinst der "ekonomescher a politescher Stabilitéit vum Land", wéinst der Expertise an der Spezialisatioun an de Fongen an an de Paiementer a wéinst der internationaler Dimensioun vum Grand-Duché. "Dat ass dat, wat eis Frënn vun der Süddeutsche vläicht net sou gutt verstinn", sou d’Konklusioun.

Back to Top
CIM LOGO