
Fir d'Majoritéitsparteien an der Chamber, grad wéi fir déi Lénk an d'Piraten, ass kloer: d'Strategie vun der Repressioun beim Cannabis aus de leschte Joerzéngten huet versot an et gëtt Zäit fir eng aner Drogepolitik. Och wa sech nach vill Froe géinge stellen, op déi een nach net all d'Äntwerten hätt, wier ee sech sécher datt et de richtege Wee wier. D'CSV an d'ADR gesinn dat awer anescht...
D’CSV gesäit eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis ganz skeptesch… wéi den Deputéierten a Parteichef Claude Wiseler de Mëtte bei enger Interpellatioun an der Chamber sot, géing ee bezweiwelen, datt eng Legaliséierung et erlabe géing, de Marché an d’Qualitéit besser ze kontrolléieren.
Um Beispill Kanada géing ee gesinn, datt de Schwaarzmaart net automatesch verschwanne géing, an datt d’Qualitéit um Schwaarzmaart géing ofhuelen.
D’CSV mécht sech och Suergen, datt Jonker, fir déi de Konsum problematesch ass, duerch d’Legaliséierung mat manner Hemmunge géinge konsuméieren, och wa se dat net dierfen.
D'ADR an d'CSV gesinn déi geplangte Legaliséierung méi skeptesch. Dem Claude Wiseler no hätt d'Beispill Kanada gewisen, datt de Schwaarzmaart net automatesch verschwanne géing an datt d'Qualitéit um Schwaarzmaart ofhuele géing: "Natierlech, déi Leit, déi net kënnen op de legale Marché sinn, dat sinn normalerweis Jugendlecher, kënnen net op de legale Marché kommen, mussen op de schwaarze Marché, wann se sech da wëllen déi Produkter kafen, eriwwer goen a fannen dann duerno, nodeem datt déi ganz Legalisatioun geschitt ass, um Schwaarzmaart méi schlecht Produkter wéi dat, wat se virdru fonnt hunn."
Éischt Erkenntnisser am Ausland géingen net dorop hiweisen, datt de Konsum bei Jonken no enger Legaliséierung an d’Luucht gaange wier, sot hirersäits d‘DP-Deputéiert Carole Hartmann. Si huet an hirer Ried ervirgestrach, datt an anere Länner, an deene Cannabis legaliséiert oder dekriminaliséiert gouf, de Konsum, entgéint den Erwaardungen, allgemeng net zougeholl hätt, mee no engem kuerze Peak sech op engem méi nidderegen Niveau stabiliséiert hätt.
Eng Legaliséierung géing et och erlaben, notamment den THC-Gehalt am Cannabis ze kontrolléieren, deen um Schwaarzmaart an de leschte Joren däitlech geklomme wier, mat negativen Auswierkungen op d‘Gesondheet. Der DP-Deputéiert no misst de Cannabis, wat d‘Suchtpotential a méiglech negativ Auswierkungen op d’Gesondheet ugeet, éischter mat legalen Droge wéi Alkohol oder Zigarette verglach ginn, wéi mat haarden illegalen Drogen.
Domat wéilt si de Cannabiskonsum net verharmlosen, bei enger Legaliséierung missten d’Leit och opgekläert ginn. Allerdéngs géing et der DP och net an de Sënn kommen, den Alkoholkonsum ze verbidden.
Am Juni wëll d’Regierung e Point maachen, wou d’Preparatioune fir déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker drun ass, dat sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber (bei enger Interpellatioun vun der CSV zum Thema). Et géife sech nach eng ganz Rei Froe stellen, dat géif awer net heeschen, datt een et net sollt maachen.
D’CSV awer stellt de Projet prinzipiell a Fro. Si fäert, datt Jonker doduerch géifen encouragéiert ginn, um Schwaarzmaart Cannabis ze kafen: "Loosse sech Kanner a Jugendlecher besser schütze viru Sucht a virun Niewewierkungen, wann de Cannabis als Genossmëttel fir Erwuessener legaliséiert gëtt a wann de Verkaf fir Erwuessener staatlech kontrolléiert gëtt? Dat ass d'Fro, déi mer eis musse stellen. Léisst et sech besser schützen, wa mer et legaliséiere fir Erwuessener? Eis Äntwert ass ganz kloer "nee". Mir mengen, datt de Contraire en fin de compte wouer ass. An dofir si mer der Meenung, datt d'Regierung de Cannabis net soll legaliséieren."
D'CSV mécht sech och Suergen, datt Jonker manner Hemmungen hätte fir Cannabis ze consomméieren, wann e fir déi Erwuessen erlaabt wier. Éischt Erkenntnisser géingen net dorop hindeiten, sot dozou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert: "Wa mer elo déi rezenste Fuerschungs- a Meta-analysen huelen, wat d'Prevalenz ugeet, grad bei Mannerjäregen a Jugendlechen, deiten déi an Amerika net op méi en héije Cannabis-Konsum hin, eisen Informatiounen no, bei jonke Leit, nom Akraafttriede vun de Legaliséierungsefforten déi gemaach gi sinn. Do géif een net gesinn, datt dat géif eropgoen, de Géigendeel ass de Fall, et geet éischter zeréckgoen."
D‘Paulette Lenert begréisst et dann och, datt et och hei am Land Projete ginn, fir medezinesche Cannabis hierzestellen. Dat sot d’Gesondheetsministesch en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber, a reagéiert domat op d’Aussoe vun eisem Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien. Den Norbert Eilenbecker, Matgrënner vu „Cannad’Our“, sot et géing een den Ament dru schaffen, deen néidege Label ze kréien.
„Et wär eng gutt Saach, wa mer kéinten eng lokal Produktioun hunn, hu mer haut net, haut fuere mer iwwer Marché publiquen mat auslännesche Produzenten. Ech war frou de Moie gewuer ze ginn, dass Demarchen am Lafe sinn, fir dee "Good Manufacture Practice", déi Certificatioun ze kréie bei verschiddene Produzenten hei am Land, dat wier eng gutt Saach, dat ass eppes wat ech op jiddefalls ënnerstëtzen a begréissen.“
An a Kanada hätt de legale Maart deen illegalen och am 3. Trimester vum leschte Joer iwwerholl, sou d'Gesondheetsministesch. Am Juni da géing d'Regierung e Point mat den zoustännegen Aarbechtsgruppe maachen, wou d'Virbereedung fir d'Legaliséierung dru wieren, esou d'Paulette Lenert. Sou datt d'Deputéiert haut op enger Rei Punkten nach keng weider Explikatioune kruten... Ënnert anerem géif ee sech nach Froen zum Dateschutz stellen, sou d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk: "Et soll jo eng Technologie entstoen, fir d'Iwwerwaachung vun der Quantitéit, déi eng eenzel Persoun keeft. Do stellt sech trotzdeem déi prinzipiell Fro, firwat d'Donnéeë sollen erhuewe gi beim Cannabis-Konsum an net beim Alkohol, do ass dat jo natierlech net virgesinn, well dat jo legal ass."
D'Majoritéitsparteien, d'Piraten an déi Lénk hunn d'Regierung da mat enger Motioun opgefuerdert, um Projet Cannabis-Legaliséierung virun ze maachen.