
Den Automobilist war vu Bartreng a Richtung Schuller ënnerwee, wéi en d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet a widder de Bord vum Rondpoint gerannt ass. Duerch den Impakt huet den Auto ofgehuewen an ass iwwert de Rondpoint geflunn, fir op där aner Säit um Daach leien ze bleiwen, nodeems e sech e puer mol iwwerschloen huet. Zwee Beem, eng Heck an e Stroosseschëld goufe mat ewech geholl.

De Chauffer konnt nach selwer aus dem Wrack klammen, de Bäifuerer huet mussen erausgeschnidde ginn. Dee koum mat méi uerge Blessuren an d'Spidol. De Chauffer, bei deem den Alkoholtest positiv ausgefall ass, gouf just liicht blesséiert. Hie krut de Führerschäin ofgeholl.
Op der Plaz waren de CIS Dippech mat 2 Gefierer an 9 Léit, de Centre d'Incendie et de Secours Käerjeng/Péiteng, den CISP - Centre d'Incendie et de Secours Péiteng, de Samu Esch, d’Pelotonscheffe vum Déngscht souwéi d'Police.
