Lëtzebuerg vun uewen entdecken: Deel 4Mam Ballon iwwer Bierg an Dall

RTL Lëtzebuerg
Ob mam Ballon, ULM, Seegelfliger oder Helikopter: Piloten erliewen eist Land aus enger ganz anerer Perspektiv.
Lëtzebuerg vun uewen entdecken: Deel 4
Am Kader vun eiser Serie “Lëtzebuerg vun uewen entdecken” huele mir Iech mat an d’Wolleken.

Fir d’Serie “Lëtzebuerg vun uewen” hu mir passionéiert Mënsche begleet, déi eis spektakulär Panoramae gewisen hunn. Zesumme mat hinnen entdecke mer Lëtzebuerg nach emol ganz anescht. Si verroden, wat “d’Magie vum Fléien” fir si bedeit, wann ee liicht wéi e Villchen d’Welt vun uewe gesäit. An dësem Episod léiere mer ënnert anerem de Pilot Christophe Betzen kennen.

“Déi Passioun, déi gouf mer scho wéi ech kleng war an d’Wéi geluecht, mäi Papp, dee mécht dat och. Wéi ech déi éischt Kéier mat geflu sinn, hat ech 6 Joer. All Vol ass anescht, mir kënnen ëmmer soen, wou mir starten, mee mir kënnen net soen, wou mer landen. Dat hänkt vum Wand of”.

Zanter 11 Joer flitt hie scho mam Ballon a kennt op iwwer 300 Fluchstonnen. Mat him zesummen hunn och schonn eng jett Leit de Grand-Duché vun uewen erlieft, hien hëlt nämlech och dacks Passagéier mat. Bis zu 6 Leit passen an de Kuerf an déi schwiewen da gutt 500 Meter iwwert dem Buedem, ganz gemittlech mat ongeféier 25 Kilometer an der Stonn.

Ballon-Fléien huet scho bal meditativ Zich, eng faszinéierend Aventure, wou d’Zäit net wierklech eng Roll spillt. Mam Ballon weess een och ni am Viraus, wou et genee higeet, well dat hänkt vum Wand of. All Fluch ass also och ëmmer nees eng Virwëtztut.

Wéi genee een e Ballon steiert a wat d’Passagéier op dësem Vol erwaart, dat gesitt Dir am Reportage vum Valentine Patry am Magazin.

RTL Artikel: Lëtzebuerg vun uewen entdecken - Deel 1
RTL Artikel: Lëtzebuerg vun uewen entdecken - Deel 2
RTL Artikel: Lëtzebuerg vun uewen entdecken - Deel 3

Back to Top
CIM LOGO