Amnesty InternationalManifestante fuerderen eng definitiv Wafferou tëscht Israel an der Hamas

RTL Lëtzebuerg
An der Stad sinn d'Manifestante mat Käerzen a Fakele vun der Gare op den Hamilius gaangen.
Maniff fir definitiv Wafferou
E Méindeg hu Memberen a Sympathisante vun Amnesty International mat Partnerorganisatioune fir eng definitiv Wafferou tëscht Israel an der Hamas demonstréiert.

E Méindeg am fréien Owend hu Memberen a Sympathisante vun Amnesty International zesumme mat anere Partnerorganisatioune wéi Save the Children, MSF Lëtzebuerg, Oxfam an Avaaz fir eng definitiv Wafferou tëschent Israel an der radikalislamescher Hamas demonstréiert. Zu Lëtzebuerg, mä och a villen anere Länner op der Welt.

D’Organisatiounen ënnersträichen, datt mat all weiderem Dag, deen dëse Krich dauert, nach méi onschëlleg Ziviliste stierwen an déi humanitär Katastroph ëmmer méi grouss gëtt.

Et misst weider international Hëllef an d’Gazasträif gelooss ginn an d’Geiselen, déi nach an den Hänn vun der Hamas sinn, misste fräigelooss ginn. Amnesty fuerdert weider Ënnerstëtzung vun der internationaler Communautéit, esou d’Directrice vun Amnesty Lëtzebuerg Fernanda Pérez.

Back to Top
CIM LOGO