Weltdag géint GenitalverstümmelungManifestatioun, fir op d'Schicksal vu Millioune vu Fraen opmierksam ze maachen

RTL Lëtzebuerg
"Non d'une femme", ënnert deem Titel war e Mëttwoch eng Manifestatioun op der Place d'armes.

Dat fir um Weltdag géint Genitalverstümmelung op d'Schicksal vu Millioune vu Fraen opmierksam ze maachen a géint dës grausam Mutuatioun unzegoen, déi nach ëmmer a villen afrikanesche Länner, awer och an Indonesien a verschiddenen arabesche Regioune praktizéiert gëtt. 200 Millioune Frae weltwäit si betraff an all Joers riskéieren eng 3 Millioune jonk Meedecher Affer ze gi vun der Genitalverstümmelung.

D'Fondatioun Follereau mécht d'Opklärungsaarbecht och hei am Land. D'Conny Reichling vun der Fondatioun Follereau erkläert, dass et zu Lëtzebuerg Frae ginn, déi betraff sinn. Dës Praxis géif zwar net zu Lëtzebuerg gemaach ginn, ma déi Fra géifen aus Länner kommen, wou dëst praktizéiert gëtt. Et géif een dru schaffen, dës Fraen en charge ze huelen an et misst een och evitéieren, dass d'Kanner vun dëse Fraen zeréck an hiert Land ginn an dass hinnen dat nämmlecht geschitt.

D'Conny Reichling vun der Fondatioun Follereau
"Non d'une femme", ënnert deem Titel war e Mëttwoch eng Manifestatioun op der Place d'armes.

Back to Top
CIM LOGO