VerwaltungsgeriichtMann dierf trotz 0 Punkten um Permis weider fueren

RTL Lëtzebuerg
E Mann, deen de Permis sollt ofgeholl kréie well keng Punkte méi drop waren, huet um Verwaltungsgeriicht an 1. Instanz Recht kritt: En däerf weider fueren.
© RTL Archivbild

Den Tribunal administratif huet säi Recours géint zwou Decisiounen an en Arrêté vum François Bausch aus dem Dezember 2017 als justifizéiert ugesinn an déi Entscheedungen annuléiert.

Geriicht: Permis net fort trotz 0 Punkten/Eric Ewald

Virun eppes méi wéi engem Joer hat den Nohaltegkeetsminister festgestallt, dass de Mann zwee Punkte vu sengem Führerschäin ofgeholl krut, dat duerch en Uerteel vum Policegeriicht aus dem Juli 2017. Domat hat de Mann kee Punkt méi um Permis, well hien ënner anerem am Februar 2013 kee valabele Contrôle technique presentéiere konnt, am Dezember 2015 ze séier gefuer an am August 2016 um Handy erwëscht gi war. De Mann hat nach am Dezember 2017 e Recours gracieux géint déi Ministeschdecisioun ageluecht, 4 Deeg drop hat de François Bausch seng Entscheedung awer confirméiert an dem Mann fir ee Joer d'Recht fir ze fueren entzunn. Dee war am selwechte Mount dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, et géif aus kengem Element vum Dossier ervirgoen, dass de Mann driwwer informéiert gouf, seng Veruerteelung wéinst engem neien net valabele Contrôle technique kéint en Ofzéie vu Punkte mat sech bréngen. Och wär net kloer, dass de Mann an d'Bild gesat gouf iwwert de Verloscht vu Punkten. De Mann wär deemno net doriwwer informéiert ginn, dass hien zwee Punkten ofgezu krut, dat wär eréischt no der strofrechtlecher Prozedur geschitt, duerch d'Ministeschdecisioun vum Dezember 2017, wéi d'Geriichtsuerteel vum Juli schonn net méi ze widderruffe war. Opgrond vun enger Violatioun vum Artikel 6 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun wär et zum Ewechhuele vun zwee Punkte vum Führerschäin an zum Aussetze vum Recht fir ze fuere komm. Dem François Bausch seng Decisioune wären dowéinst z'annuléieren, den Dossier misst net bei den Nohaltegkeetsminister zréckgoen an d'Demande vum Mann, fir eng Indemnité de procédure ze kréien, wär zréckzeweisen, sou den Tribunal administratif.

Back to Top
CIM LOGO