
Deemno hätt e Mataarbechter vum Buttek gesinn, wéi de Mann Gilletten agestach huet. Wéi en den Déif confrontéiert huet, huet dësen eng Fläsch op de Mataarbechter geschoss an en an d'Gesiicht geschloen, woubäi de Mataarbechter liicht blesséiert gouf. De presuméierten Déif gouf kuerz drop vun der Police gestallt, wéi sech erausgestallt huet, gouf et och eng "Interdiction de territoire" géint d'Persoun.
D'Police huet dann e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg 2 Persounen de Führerschäin ofgeholl, déi ze vill gedronk haten an Accidenter ausgeléist haten.
Zu Steesel gouf dann nach agebrach. De Proprietär vum Haus war am Ausland, huet d'Dot awer op senger Iwwerwaachungskamera gesinn. D'Abriecher konnte bis ewell net fonnt ginn.