
D’Police hat gemellt kritt, dass sech op der Hamilius-Plaz an der Stad e puer Leit an d’Hoer kritt haten. Op der Plaz huet sech awer erausgestallt, dass ee Mann vun zwee aneren Onbekannte mat engem Messer menacéiert gouf, dono eng Glasfläsch op de Kapp geschloe krut a beklaut gouf. Him ware Suen aus der Jackettstäsch geholl ginn. D’Täter sinn no der Dot geflücht. D’Ermëttlunge goufe lancéiert.
Da koum et nach zu engem Virfall, well en Automobilist ze déif an d’Glas gekuckt hat. Géint 00.20 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg gouf Auto gemellt, deen op der A13 a Richtung Schengen am Zickzack ënnerwee wier. De Chauffer konnt op der Héischt vum Tunnel Markusbierg gestoppt ginn an d’Police huet Unzeeche vun Alkoholkonsum festgestallt. En Test war positiv. No enger Iwwerpréiwung koum nach eraus, dass géint de Chauffer schonn e Fuerverbuet besteet. Do koum elo nach een dobäi, sou d’Police, zesumme mat engem Protokoll.