Assistenzhënn per Gesetz erlaabtMann mat Blannenhond net a Restaurant gelooss

RTL Lëtzebuerg
Viru kuerzem ass an de soziale Reseauen e Fall vun Diskriminéierung vill diskutéiert ginn.
Assistenzhënn per Gesetz erlaabt
Viru kuerzem ass an de soziale Reseauen e Fall vun Diskriminéierung vill diskutéiert ginn.

Eng Persoun mat engem Blannenhond krut refuséiert an e Restaurant eranzegoen. Wat vum Gesetz hir net erlaabt ass.

Dëse Post hat d'Ronn gemaach, gouf antëscht awer geläscht.
Dëse Post hat d'Ronn gemaach, gouf antëscht awer geläscht.

Gewéinlech sinn a Restauranten oder Supermarchéen Hënn net erlaabt. Eng Ausnam gëtt et awer fir Assistenzhënn. Zanter 2008 gëtt et een Anti-Diskriminéierungsgesetz, dat et Mënsche mat Handicap erlaabt, hir Hënn quasi iwwerall matzehuelen. Assistenzhënn si keng gewéinlech Déieren, se ginn zwee Joer ausgebilt, fir de spezifesche Besoine vun hire Begleetpersounen z'entspriechen. Dës Formatioun kascht ronn 25.000 Euro.

De rezente Fall vun engem Mann mat Blannenhond, dee refuséiert krut mat an e Restaurant eranzegoe wier éischter d’Ausnam, esou d’Andrée Biltgen Presidentin vun der Associatioun Rahna. Wann ee géint d'Gesetz vun 2008 verstéisst, muss een eng Strof vun 250 Euro bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO