Duerno verhaft ginnMann mat enger Pistoul menacéiert Leit a Café zu Maacher

RTL Lëtzebuerg
Ëm Mëtternuecht war zu Maacher ee Mann no engem Sträit mat enger Waff zréck an de Café komm.

Hien ass duerno fortgelaf.

No 2 Perquisitiounen gouf de Mann verhaft. D'Waff gouf awer réischt géint 11 Auer um Sonndeg ënner der Grenzbréck an engem Rucksak fonnt, eng Gaspistoul mat Munitioun.

Kuerz viru 5 Auer um Sonndeg hat se gemellt kritt, datt e Chauffer mat héijer Vitesse géif Richtung Rond-Point Tinnesbruch zu Miersch fueren. Deen Ament war grad eng Kontroll an der Géigend an d'Beamten sinn op de Chauffer opmierksam ginn, well en ze séier war an och nach op der falscher Säit gefuer ass.

Bei der Kontroll vum Chauffer huet sech erausgestallt, datt et géint hien en nationaalt an en internationaalt Fuerverbuet gëtt.  Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO