Escher GareMann mat Messer menacéiert, beklaut a geschloen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf op der Escher Gare e Mann vun 3 anere Persounen iwwerfall.

D’Affer gouf mat engem Messer menacéiert a beklaut, ier e vun den zwee aneren Täter kierperlech attackéiert gouf. D’Täter sinn dono a Richtung Gemengeplaz geflücht, konnten awer séier vun de Policebeamte festgeholl ginn. Antëscht hat sech och schonns eng weider Persoun gemellt, déi vun den 3 Männer iwwerfall gi war. Béid Affer goufe liicht blesséiert a koumen an d’Spidol. Zwee vun den dräi Täter koumen op Schraasseg, den drëtten Täter koum op Dräibuer.

Back to Top
CIM LOGO